Et wier déi gréisst Sécherheetsoperatioun an der Geschicht vum Land: Fir den Nato-Sommet zu Den Haag huet Holland alles fir d'Sécherheet opgefuer.

Schëffer vun der Marinn virun der Côte vu Scheveningen, F-35-Kampffliger am Himmel iwwer Den Haag, 27.000 Polizisten, d'Hallschent vun allen hollännesche Beamten, an 10.000 Zaldoten um Buedem. Dat alles, fir Sécherheet vun engen 9.000 Gäscht wärend 48 Stonnen ze garantéieren. Vu Staats- a Regierungscheffen, iwwer Aussen- a Verdeedegungsminister bis och iwwer 2.000 Journalisten aus aller Welt. D'Regioun ronderëm Den Haag bis erof op Rotterdam, respektiv eriwwer op Amsterdam, gläicht den Ament enger Festung.

Direkt ronderëm de World Forum, wou de Sommet en Dënschdeg an e Mëttwoch ofgehale gëtt, gouf e Sécherheetsperimeter mat engem 3 Meter héijen Drot opgeriicht. Fir eranzekommen, muss een duerch Sécherheetskontrollen, déi méi streng wéi op Flughäfe sinn.

D'Hollännesch Regierung selwer schwätzt vun der gréisster Sécherheetsoperatioun an der Geschicht vum Land. Kritesch, gouf och schonn nogerechent. Well den Haaptmeeting vun de Staats- a Regierungscheffe just op zwou an eng hallef Stonnen ugesat gouf, géif d'Operatioun ''Orange Shield '', den hollännesche Steierzueler, iwwer eng Millioun Euro d'Minutt kaschten. Anerersäits gëtt d'Geforepotential, bedéngt duerch déi aktuell geopolitesch Spannungen, als besonnesch héich agestuuft. 10 Loftofwier Systemer goufen a Stellung bruecht. Dobäi komme Sécherheetsmoossname fir ënner anerem Cyberattacken, respektiv Spionage ofzewieren. Potenziell Sabotage-Aktiounen op Stroum a Kommunikatiounsnetzwierker goufe beim Plange vum Sécherheetskonzept net ausgeschloss.