"Den Iran ass staark verankert an de Krich vu Russland"

© Koen Van Weel / ANP Mag / AFP
Déi 32 NATO-Memberstaate ware sech scho virum Sommet eens ginn, dass d'Depensë fir d'Verdeedegung op 5 Prozent vum PIB gehéicht ginn.
Vun en Dënschdeg u ginn d’Detailer an der hollännescher Haaptstad Den Haag gekläert. D’Erwaardunge sinn héich.
Haaptsujet ass natierlech, wéi déi militäresch Oprëschtung koordinéiert soll ginn. Laanscht een Thema kënnt een awer warscheinlech net. Well den NATO-Generalsekretär huet d’Attacke vun den USA op den Iran verdeedegt.
"Den Iran ass staark verankert an de Krich vu Russland géint d‘Ukrain. Si liwweren Dronen u Russland, déi all Dag onschëlleg Ukrainer ëmbréngen ouni Respekt virum Liewen. Et gëtt eng enk Verbindung tëscht dem Iran, natierlech och Nordkorea, China a Belarus mat Russland am Ukrain-Krich. Also keen Zweiwel, dass dat an den Diskussioune wäert opkommen."
Haaptzil vun de Reunioune wär et zwar d’Decisioun ze festegen, dass d’Memberlänner hir Ausgabe fir d'Defense bannent den nächsten 10 Joer op 5 Prozent vum PIB héijen, esou de Mark Rutte. 3,5 Prozent Oprëschtung, 1,5 Prozent fir déi relevant Infrastruktur. Spuenien wäert dat net blockéieren, wëll awer bei den direkte Militärausgabe méi lues maachen. Mark Rutte.
"D‘NATO ass awer komplett dovun iwwerzeegt, dass och Spuenien 3,5 Prozent muss erreechen. All Memberland wäert elo reegelméisseg mellen, wou et drun ass. 2029 wäerte mir en éischte Bilan zéien."
Déi genee Pläng vun den Investissementer si geheim, huet de Mark Rutte erkläert. Loftofwiersystemer, dausende Panzeren a Gefierer a Millioune Chargen u Munitioun wäerte sécher akaaft ginn. Dofir muss awer och méi produzéiert ginn.
"Et ass e kloren Appel à projets. D‘Industrie muss reagéieren. An zwar séier."
Den ukrainesche President Selenskyj soll op dësem Sommet nach eemol kloer d‘Ënnerstëtzung vun der NATO zougesot kréien. Wärend de Message u Russland dem Mark Rutte no kloer wäert sinn: d‘Allianz wëll all Zentimetercarré vun hirem Territoire verdeedegen.
E Mëttwoch ass déi grouss Ronn, bei där och den US-President Donald Trump mat dobäi ass. Fir Lëtzebuerg reesen de Premier Luc Frieden, den Ausseminister Xavier Bettel an d’Defenseministesch Yuriko Backes an Holland.