Trump annoncéiert Wafferou tëscht Iran an Israel

© Numan Bhat / Middle East Images / Middle East Images via AFP
E "kompletten an absolutte" Waffestëllstand huet den US-President op de soziale Medien ugekënnegt.
Eng gestaffelt Wafferou huet den US-President ordonéiert. Fir d'éischt misst den Iran se anhalen, an an den 12 Stonnen duerno wier et un Israel. No 24 Stonne wier dann en Enn vum Krich erreecht, schreift den Trump op senger Online-Plattform Truth Social.
Déi staatlech iranesch Medien hunn dee Plang am Laf vum Dënschdeg de Moie confirméiert. Dem Feind Israel wier eng Wafferou opgezwonge ginn, sou déi genee Wierder. Zanter 6.00 Auer eiser Zäit gëllt d'Wafferou, déi entretemps och vun israeelescher Säit kommentéiert ginn ass.
Bis zum ausgehandelten Zäitpunkt gouf et awer souwuel am Iran wéi och an Israel nach Loftugrëffer - dat confirméiere béid Säiten. Bei israeeleschen Attacke virum Ufank vun der Wafferou si laut iranesche Quellen op d'mannst 9 Persounen ëm d'Liewe komm, wéi an der nordiranescher Stad Rascht israeelesch Rakéiten an engem Wunnquartier ageschloe sinn. 33 weider Persoune wiere blesséiert ginn. Ausserdeem hätt en héijen Atomwëssenschaftler net iwwerlieft, mellen déi staatlech Medien. Bei engem iraneschen Ugrëff op déi israeelesch Stad Beerscheva hu mindestens 5 Persoune mam Liewe bezuelt, 20 weiderer goufe blesséiert. D'Pëtrolspräisser sinn no der Annonce vun der Wafferou ëm 5% gefall.
International Reaktiounen
D'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen huet dem Trump säi Virschlag vun enger Wafferou begréisst. Et wier e wichtege Schratt, fir nees Stabilitéit an d'Regioun ze kréien. Et wier eng kollektiv Prioritéit, sou d'von der Leyen, an den Iran misst elo beweisen, dass en un engem kredibele Prozess vun der Diplomatie interesséiert wier. Och Saudi-Arabien huet sech erfreet gewisen, dass Iran an Israel sech un d'Wafferou halen.
Donieft kommen awer aus dem Irak Meldunge vun Dronenattacken op militäresch Basen. Bei 3 verschiddene Virfäll wiere Radaranlage getraff ginn, Leit wieren net zu Schued komm. Wien déi Drone lancéiert hat, ass nach net bekannt ginn.