De leschten Donneschdeg hat déi däitsch Police zu Steinebrück op der belscher Grenz kontrolléiert.

An deem Kader hunn d'Beamten eng 39 Joer al brittesch Staatsbiergerin kontrolléiert, déi mat enger Camionnette an Däitschland agereest ass. Dobäi hu si e puer Posche mat Drogen an der Mall vum Gefier fonnt.

D'Fra gouf festgeholl an hat d'leschte Freideg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Dësen huet en Haftbefeel géint si ausgeschwat.

Déi däitsch Douane huet eng Enquête an dëser Affär an d'Weeër geleet.