Analysten: Chineeseschen Afloss am Noen Osten am fräie Fall

China muss den Ament beim Krich Iran-Israel nokucken: Et ass ee Konflikt, dee seng diplomatesch Efforten an der Géigend a Gefor bruecht huet.
Schonn zënter enger Rei Jore versicht sech China als Mediateur am Noen Osten. Zum Beispill hat d'Land de Rapprochement tëscht Saudi-Arabien an dem Iran 2023 mat ze veräntwerten.
Am Konflikt tëscht Israel an de Palästinenser presentéiert sech China als ee méi neutralen Acteur wéi d'USA, déi de groussen Alliéierte vun Israel sinn.
Ausserdeem ass China den éischte Client vum iranesche Pëtrol: Dëst huet der islamescher Republik gehollef, fir hir Ekonomie iwwer Waasser ze halen, déi vun den internationale Sanktioune getraff ass.
Zënter datt awer elo d'USA den Iran attackéiert hunn, ass China just nach Spectateur a gëtt Teheran keng konkreet Hëllef méi. Peking hält sech zréck, verurteelt zwar, mee bleift schei um Bord vun den Evenementer.
Analysten no fält elo op, datt, obschonn de chineesesche President Xi Jinping virun zwee Joer d'Relatioune mam Iran als "strateegesch wichteg" erkläert huet an Teheran hëllefe wollt géint den "Harcèlement" vun Israel an den USA, elo jiddwerengem an der Regioun géing opfalen, datt China wéineg, vläicht souguer iwwerhaapt guer keen Afloss am Noen Osten huet.