"Wann s de Venedeg kanns fir deng Hochzäit lounen, kanns de och méi Steiere bezuelen". Ënner anerem dat ass op de Plakater vun de Manifestanten ze liesen.

Eng 200 VIPe gi fir d'Milliardärshochzäit zu Venedeg erwaart. Si wäerten entweder mat der Yacht oder mam Privatjet an déi italieenesch Lagunestad kommen. Vu verschiddene vun den Awunner vu Venedeg kritt den Amazonchef virgehäit, eng Invasioun op hiert doheem ze starten.

De Multimilliardär a seng Freiesch d'Journalistin Lauren Sanchez hu Millioune vun Euroen op den Dësch geluecht, fir hir Hochzäit zu Venedeg feieren ze kënnen. D'Fest soll en Donneschdeg ufänken an e Samschdeg mat enger Zeremonie op enger geheimer Plaz op en Enn goen.

Italieenesche Medien no hunn déi gläich frësch Bestueten, déi béid schonn eng Kéier gescheet goufen, sämtlech Luxushoteller zu Venedeg fir hir Gäscht reservéiert. Weider schreiwen d'Medien, datt am ganze 95 Privatjetten um venezianesche Fluchhafe Marco Polo ugefrot hunn, fir do an där Zäit landen ze dierfen.

D'Luxus-Yacht vum Jeff Bezos dogéint läit direkt vis-à-vis vun der bekannter Piazza San Marco un der Insel San Giorgio Maggiore am Hafen. De Milliardär soll dann och déi ganz Markusplaz fir seng Hochzäit reservéiert hunn.

Dëst alles stéisst ville Venezianer sauer op. Si reege sech jo schonn zanter Joren iwwer d'Invasioun vun den Touristen op, ma esou en Evenement géif hir Stad nach manner liewenswäert fir si maachen, heescht et.

Nach virun 11 Joer huet sech den George Clooney zu Venedeg bestuet, wat fir quasi keng Polemik gesuergt hat. Beim Jeff Bezos schéngt dat anescht, wuel och, well vill Awunner vu Venedeg wëssen, wéi schlecht hie seng Mataarbechter zum Deel behandelt. Greenpeace kritiséiert d'Hochzäit da wéinst dem negativen Effekt op d'Klima.

Op de Plakater vun de Manifestante si Spréch ze liesen wéi "No Space for Jeff Bezos" wat iwwersat kann heeschen "Keng Plaz fir den Jeff Bezos" oder och "Kee Weltraum fir den Jeff Bezos". Op engem grousse Plakat steet geschriwwen "If you can rent Venice for your wedding you can pay more tax" iwwersat also "Wann s de Venedeg kanns fir deng Hochzäit lounen, kanns de och méi Steiere bezuelen".

Wärend verschidden Awunner vu Venedeg géint dëst Event op d'Strooss ginn, gesinn anerer dat méi relax. "Esou een Evenement kreéiert guer keng Problemer", sot en eeleren Awunner der AFP. Hie gesäit et esouguer positiv, well et der Stad Venedeg "Suen abréngt".