Broch vu Waffestëllstand "ass lächerlech" esou US-President Trump
Wärend den US-President sech "guer net frou" iwwer de Broch vun der Wafferou gewisen hat, ass déi trotzdeem nach ëmmer a Kraaft.
Nach e Méindeg den Owend hat den Iran eng Attack op US-Kasären a Qatar an an Irak duerchgefouert. Kuerz drop hat Washington eng Wafferou ausgehandelt. D’USA géife net méi weider an de Krich agräifen an och tëscht Israel an Iran soll eng Wafferou gëllen. Fir den Ament ass dat esou, mee si ass fragil.
Et war eng symbolesch Attack vum Iran op US-Militärziler a Washington war virdru gewarnt, esou datt kee Mënsch zu Schued komm ass. Teheran géif duerno eng Wafferou acceptéieren, mä et kéint een net guer net äntweren op d’US-Attack vu virun zwee Deeg.
D'Wafferou mat Israel allerdéngs ass fragil ugaangen. Israel an Iran hu sech an den éischte Stonne géigesäiteg virgeworf, géint déi Wafferou, déi u sech ausgemaach war, ze verstoussen, a si hunn duerno hir Attacke verschäerft, bis dass den israeelesche Premier Netanyahu vum Trump zeréckgepaff gouf.
"Ech si net frou mat deem, wat Israel elo mécht. Et war eng eenzeg iranesch Rakéit, déi ofgeschoss gi war an si huet mol näischt getraff. Si koum nom Accord op d’Wafferou, mä si huet näischt getraff. An elo gräift Israel un. Si solle sech elo e bësse berouegen. Et ass lächerlech."
Mëttlerweil profitéiere vill Länner dovun, hir Staatsbierger aus Israel z’evakuéieren, déi wéinst dem gespaarte Loftraum do fest houngen. Den "12-Deeg-Krich" ass virleefeg eriwwer. Deen an der Gazasträif an am Westjordanland allerdéngs geet weider.