E feierlecht Iessen a geféierlechen Zäiten

© REMKO DE WAAL / ANP MAG / ANP via AFP
E Festiessen, Oprëschtung a rëm Heem: Den Donald Trump ass zu Den Haag. Awer net laang.
En Dënschdeg den Owend ëm ongeféier 19.30 Auer – deemno mat e bësse Retard – ass dem US-President seng Air Force 1 op hollänneschem Buedem gelant. Géint 21.15 Auer ass hien dunn eréischt zu Den Haag am kinnekleche Palais fir den Dîner Solennel, fir d‘Ouverture vum NATO-Sommet ukomm. An do huet hien och iwwernuecht.
Deemno net ewéi geplangt zu Noordwijk op der Plage, wou schonn e puer Stroosse gespaart, en Hotel reservéiert an iwwerall amerikanesch Fändelen opgehaange waren. Op Invitatioun vun der hollännescher Kinnekskoppel huet den Donald Trump am Palais Huis ten Bosch geschlof. En Oranje-Upgrade fir den US-President. Et ass een extra fein mam Mann, ëm dee sech villes dréint an dëse Stonnen zu Den Haag.
An hongreg goung hien allemol och net an d‘Bett. Woubäi de Menü och keng sechs Gäng hat, mä just dräi. Eng Foto vum Menü war an der Ëffentlechkeet opgedaucht: als Entrée Thon, nëmme kuerz um Grill gedréint, mat Mousse vun der Cornichon, marinéiertem Geméis, enger Crème a knuspregen Zwiwwelen. Haaptgang Filet vum Kallef mat Champignonszooss, Spargelen a Gromperen – ganz dënn tranchéiert. Als Dessert gouf et e Schockelaskuch. An do virdru gouf et natierlech en Apero. Fir sou munch Oueren dierft et spannend kléngen, wann 32 Staats- a Regierungscheffe vun der NATO, de Generalsekretär, Éieregäscht an eng kinneklech Koppel an engem Sall aus dem 17. Joerhonnert zesumme prosten.

© REMKO DE WAAL / ANP MAG / ANP via AFP
Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte hat d‘Ried fir den Toast geschwat. Doran hat hien och der Populatioun vun Den Haag Merci gesot, well déi muss esou munch Schikanen iwwer sech ergoe loosse wéinst dem NATO-Sommet.
Mä de Rutte, deen zu Den Haag grouss ginn ass, mengt, et wär dësen Effort derwäert. Hien huet drun erënnert, dass d‘Welt, an där mir haut liewen, net méi sécher ass. Weltwäit ginn et militäresch Konflikter. Allerdéngs wär den NATO-Generalsekretär dovun iwwerzeegt, dass d‘NATO-Alliéiert an hir Partner d‘Erausfuerderung meeschteren an d‘Welt nees méi sécher maachen. Duerch massiv Investissementer an d‘Defense. Anerer géife soe brachial Oprëschtung. Koste was es wolle.
Et schéngt decidéiert, dass d‘Memberlänner bis 2035 5 Prozent vun hirer nationaler Wirtschaftsleeschtung fir Defense ausginn. Dat ass dem Donald Trump seng Fuerderung, d‘USA mol op der Säit gelooss. Zejoert haten déi 3,4 Prozent vun hirem PIB dofir ausginn. An den Trump huet sech och nach net kloer dozou geäussert, ob hien eng Opspléckung vun de Käschten – 3,5 Prozent Oprëschtung an 1,5 Prozent verdeedegungsrelevant Infrastruktur – akzeptéiere wäert. Et läit also genuch Spannung op dësem Sommet vun der NATO.
Fir Lëtzebuerg sinn de Premier Luc Frieden, den Ausseminister Xavier Bettel an d‘Defenseministesch Yuriko Backes zu Den Haag. Si solle spéitstens no der offizieller Reunioun zesummen eng Pressekonferenz ginn.

© ANP POOL CHRISTIAN HARTMANN / ANP MAG / ANP via AFP