Um spéiden Dënschdegowend gouf et bei enger Course-poursuite am franséischen Departement Moselle zwee Doudesaffer.

Wéi déi lokal Medie mellen, hate Polizisten an der Belsch en Auto verfollegt, nodeems de Chauffer vun dësem sech geweigert hat, stoen ze bleiwen. D'Course-poursuitte ass iwwert d'D14 gaangen. Hei ass den Auto da stoe bliwwen an de Chauffer a säi Bäifuerer sinn zu Fouss iwwert déi franséisch Grenz geflücht. D'Poliziste sinn hinnen hannendru gelaf.

Géint 22.45 krut dann en Auto an der Géigend vun Angevillers eng vun de flüchtege Persounen an ee vun de Polizisten ze paken. Allebéid sinn nach op der Plaz gestuerwen.*

Et koum zu engem gréissere Policeasaz an d'Strooss gouf fir den Trafic gespaart. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.

*An enger éischter Versioun vum Text hat et geheescht, dass de Policeauto an dat flüchtegt Gefier bei der Course-poursuite aneneegerannt wieren.