En Dënschdegnomëtteg ass et an der belscher Gemeng Libramont an der Province de Luxembourg zu engem trageschen Tëschefall komm.

Wéi de Buergermeeschter vun der Gemeng Laurent Crucifix confirméiert huet, ass e Kand vu 14 Méint an enger Crèche gestuerwen. Déi genee Ëmstänn vum Doud wieren den Ament nach net gewosst. Et wier ee mat de Gedanke bei der Famill vum Kand.

D'Rettungsdéngschter waren tëscht 14 a 15 Auer en Dënschdegnomëtteg alarméiert ginn. D'Crèche, an där d'Kand gestuerwen ass, gëtt vum "Centre Public d'Action Sociale" vu Libramont geréiert. Dës wäert de Rescht vun der Woch zou sinn.