E virleefege Rapport vum US-Geheimdéngscht léisst Zweiwel un der Wierksamkeet vun de rezenten US-Attacken op den Iran opkommen.

Anescht wéi vum amerikanesche President Trump annoncéiert, hätten d'Bommenattacken den iraneschen Nuklearprogramm net zerstéiert, mä déi potenziell Produktioun vun Atombommen nëmmen ëm e puer Méint zeréckgeheit.

Den Donald Trump weist de Rapport zeréck an hält u senger Ausso, dass den Nuklearprogramm vëlleg zerstéiert gi wier, fest.

Amerikanesch Medien, déi sech op deen nach net publizéierte Geheimdéngscht-Rapport bezéien, hunn en Dënschdegowend gemellt, dass déi iranesch Zentrifugen a Reserven un ugeräichertem Uranium bei den US-Attacken net komplett zerstéiert gi wieren. D'Attacken hätten den Zougang zu enger Partie Nuklear-Anlage blockéiert, ouni dës komplett ze zerstéieren.

Den Donald Trump huet dës Meldungen zeréckgewisen an d'Tëleeschaîne "CNN" grad ewéi d'Zeitung "New York Times" schaarf kritiséiert. Op sengem Social-Media-Déngscht "Truth Social" huet den Trump sech drop behaapt, dass déi iranesch Nuklear-Anlage komplett zerstéiert wieren.

D'Pressespriecherin vum Wäissen Haus Karoline Leavitt huet confirméiert, dass et e Rapport vum Geheimdéngscht gëtt. Dëse wier inhaltlech allerdéngs komplett falsch an e klore Versuch, den Donald Trump an d'Pilote vun de Kampfjetten, déi d'Attacke geflu sinn, ze diskreditéieren. Wéi d'Leavitt op "X" geschriwwen huet, wéisst jiddereen, wat passéiert, wann ee 14 Bomme mat engem Gewiicht vun 30.000 Pond perfekt op hir Ziler géing werfen: Et wier déi komplett Vernichtung.