Am Virfeld vun der grousser NATO-Reunioun zu Den Haag hat den US-President déi aner Memberstaate ferm ënner Drock gesat.

D‘NATO huet decidéiert, d‘Depense fir d‘Defense substantiell z'erhéijen. D‘Memberstaaten hunn um NATO-Sommet zu Den Haag elo och formell festgehalen, dass fënnef Prozent vun hirer Wirtschaftsleeschtung a Verdeedegung a Sécherheet z‘investéieren.

Ofschloss vum NATO-Sommet / Reportage Pierre Jans

Dat ass an der Ofschlossdeklaratioun vum Sommet ze liesen. Den US-President Donald Trump dierft zefridde sinn. 
 
De ganze Sommet iwwer krut hie vu villen Europäer de Bauch gepinselt. Virun allem vum NATO-Generalsekretär Mark Rutte, deen hei betount, ouni den Donald Trump géifen d‘Memberstaaten hir Ausgabe fir d'Defense net esou staark eropsetzen. 
 
"Dat wär net geschitt, wann Dir net als President gewielt gi wäert 2016. An elo zejoert net erëmgewielt gi wäert. Ech wëll Iech Merci soen."
 
Den US-President Donald Trump schwätzt op senger Ofschloss-Pressekonferenz vun enger Victoire fir all d‘Alliéiert, a klappt sech wéi gewinnt op d‘eege Schëller. 
 
"A si soten, 'Dir hutt et fäerdeg bruecht.' Ech weess net, ob ech et fäerdeg bruecht hunn, mä ech fannen schonn, dass ech et fäerdeg bruecht hunn. Dat hei wäert als Den-Haag-Defense-Engagement an d'Geschicht agoen."

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel gëtt zou, dass et wuel eng Haaptaufgab op dësem Sommet gouf. Xavier Bettel.
 
"Et goung drëms, kee motzegen a schlecht gelaunten amerikanesche President heemzeschécken. Mission accomplie. Do uewen ass Luef komm, et ass ee bal ausgerutscht um Schläim. Et ass zimmlech wäit gaangen. Et ass ganz wichteg, dass mir gewisen hu, dass mir zesummenhalen. Awer och dass d‘Amerikaner net méi bereet sinn, alles fir eis ze maachen. Mir si gerëselt ginn. D'Depensë ginn an d‘Luucht. Jidderee mécht en Effort a Lëtzebuerg och. Dësen Accord ass e gudden Accord." 
 
De Lëtzebuerger Premierminister erkläert dat selwecht an e bëssen anere Wieder. Dat hei wär e Sommet "vun der Eenheet vun den Europäer mat engem amerikanesche Partner, deen d‘NATO haut net verlooss huet, mä gesot huet, dass en och an Zukunft e vertrauenswierdege Partner bleiwe wäert", esou de Luc Frieden. "Dat begréisse mir."
 
Fir Lëtzebuerg bedeiten déi fënnef Prozent fir Defense awer eng riseg Erausfuerderung. Dat hunn de Premierminister Luc Frieden, d‘Defenseministesch Yuriko Backes an eben de Xavier Bettel zu dräi nieftenee confirméiert.

De Luc Frieden wëll, dass Lëtzebuerg méi fir Defense ausgëtt, mä an engem Rhythmus, dee bei d‘Land passt, grad ewéi mat Investissementer, déi Sënn maachen.