D'Lëtzebuerger Aktivistin war vun israeeleschen Autoritéiten um Wee Richtung Gaza gestoppt, festgeholl an expulséiert ginn.

D'Nora Rosa Fellens Huberty ass nees doheem. D'Lëtzebuerger Aktivistin, déi vun den Israeeleschen Autoritéiten um Wee Richtung Gaza gestoppt, festgeholl a schlussendlech virun e puer Deeg expulséiert ginn, ass e Mëttwoch den Owend op der Stater Gare ukomm. Um Quai hunn eng Rei Leit mat Blummen, Fändelen a Plakater gewaart, fir si ze begréissen.

Et huet een der jonker Fra ugesinn, dass si ugeschloen, awer immens frou war, nees am Land bei der Famill a Kolleegen ze sinn. Hire Bléck war konzentréiert, schockéiert, gezeechent a weist drop hin, wat si an där ganzer Zäit muss erlieft hunn. D'Stëmmung war emotional mat gemëschte Gefiller, tëscht Erliichterung, Houfert a Roserei, iwwert dat, wat geschitt ass.

Um Owend vu der Arrivée zu Lëtzebuerg huet d'Nora Fellens Huberty zesumme mat anere Participante vun der Global Sumud Flottila an engem Restaurant um Lampertsbierg iwwer d'Missioun, hir Erfarungen an déi nächst Schrëtt geschwat. D'Flotilla ass jo eng international Aktioun, déi mat Booter humanitär Hëllef a Solidaritéit fir Gaza wollt liwweren. D'Missioun hat sech zum Zil gesat, op déi miserabel Liewensbedingungen an op d'Blockad vun der Gazasträif opmierksam ze maachen. D'Flott gouf vun der israeelescher Marinn an internationale Gewässer, wäit ewech vun der Küst, gestoppt. D’Aktivisten, dorënner och d'Nora Fellens Huberty, goufe festgeholl - "gekidnappt" wéi d'Aktivisten et selwer nennen - an an Israel inhaftéiert an interrogéiert.

36 Stonnen ouni Waasser

D'juristesch Ekipp vun der Global Sumud Flotilla huet zanterhier schwéier Virwërf géint déi Israeelesch Autoritéite gemaach: D'Aktiviste sollen ouni hir Affekote vun den Autoritéiten an Israel an e Verhéier geruff gi sinn. D'Nora Fellens Huberty hat awer d'Méiglechkeet kritt, eng bis zwou Minutte mat hirem Affekot ze telefonéieren, dee beim Verhéier och dobäi huet dierfe sinn. Si wier eng vun den eenzegen Aktiviste gewiescht, déi dat erlaabt kritt hätt. Medezinesch Versuergung wier refuséiert a Medikamenter ewechgehäit ginn. Verschidden Aktivisten hätten Häerzproblemer gehat a wieren e puer Mol schwaach gefall. Amplaz, dass een hinne Medikamenter ginn hätt, hätten d‘Israeelien de Geck mat hinne gemaach a si ausgelaacht. Verschidde Leit schwätze souguer vu kierperlecher Gewalt a vun Erniddregungen. Israel huet sech bis elo net zu dëse Virwërf geäussert.

D‘Nora Fellens Huberty huet RTL géintiwwer erzielt, dass vun deem Ament un, wou d‘israeelesch Arméi si festgeholl huet, si "onmënschlech" behandelt gi wieren an hir Mënscherechter net respektéiert gi wieren. D‘Arméi hätt wärend siwe Stonnen d'Kontroll iwwer si an hiert Boot gehat a Waffen op si geriicht. Si wiere vun den aneren Aktiviste getrennt ginn a gezwongen, stonnelaang an der Sonn ze waarden, ouni ze wëssen, wéi et mat hinne weidergeet. Si hätten 48 Stonne laang näischt z‘iesse kritt a 36 Stonne laang näischt ze drénken, sou d'Nora Fellens Huberty.

Gewalt an Erniddregungen am israeelesche Prisong

Am Prisong selwer wiere si vun den anere Prisonéier ewech gehale ginn. Och de Kontakt ënnertenee wier strikt ënnerbonne ginn. All puer Stonne wiere si waakreg gemaach an op eng aner Plaz oder eng aner Cellule verluecht ginn. Dem Nora Fellens Huberty no, just fir si mental fäerdeg ze maachen. D'Israeelien hätte si bei den Dote gefilmt, iwwert si gelaacht a si erniddregt, si hätte sech ee Spaass draus gemaach. Dat wier, sou d'Aktivistin, awer alles nach ëmmer besser wéi d'Konditiounen, deene palästinensesch Prisonéier ausgesat wieren.

Fir d'Nora Fellens Huberty an d'Team vun der Global Sumud Flotilla war hir Aktioun een Erfolleg. Et hätt een zum Deel dat erreecht, wat ee wollt, an zwar Opmierksamkeet fir déi katastrophal Liewenssituatioun an der Gazasträif ze kréien, symbolesch Solidaritéit mat de Mënschen a Gaza ze weisen, ëffentlechen Drock op d'EU-Länner an d'Vereenten Natiounen ze maachen an der Ëffentlechkeet ze weisen, wéi déi Israeelesch Autoritéiten handelen. Informatioune vun der Flottila no, ginn den Ament nach 6 vun den iwwer 460 Aktiviste festgehalen.

Weider Aktiounen wäerte kommen

Fir d‘Nora Fellens Huberty ass awer nach laang net Schluss. Fir d'éischt wëll si sech mol ausrouen, alles verschaffen, wat si erlieft a gesinn huet, hir Famill a Kolleegen erëmgesinn an da wann et méiglech ass, nach eemol mat enger méi grousser Flott a Richtung Gaza reesen. D'Team vun der Global Sumud Flotilla wëll jiddwerfalls eng nei Flott mat méi Booter an Hëllefsmëttel a Richtung Gaza schécken. Bis ewell hätte sech scho 40.000 Leit duerfir gemellt. Wat fir d‘Nora Fellens Huberty feststeet: "Soulaang Gaza net fräi ass, hale mir net op."

D’Aktioun gëtt vun e puer bekannte Lëtzebuerger Organisatiounen ënnerstëtzt – dorënner Greenpeace Lëtzebuerg, Amnesty International, Action Solidarité Tiers Monde an de Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient (CPJPO).