D'5-Prozent-Zil vun der NATO géing fir Lëtzebuerg grouss Ausgabe bedeiten - et wieren ongeféier 10 Prozent vu Staatsbudget.

Dräi Milliarden Euro, gëtt gesot, géife vum Staatsbudget pro Joer an d‘militäresch Oprëschtung a verdeedegungsrelevant Infrastruktur fléissen, wa Lëtzebuerg d‘NATO-Zil vu 5 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung ëmsetzt.

Dat wieren ongeféier 10 Prozent vum Staatsbudget. Enorm Depensen, bei deenen d‘Lëtzebuerger Regierung sech net drécke wëll loossen.
 
D‘Regierung stéing hannert der NATO-Decisioun, erkläert de Premier Luc Frieden, mee 5 Prozent vum PIB bis 2035, dorop dierft een sech net ze vill fokusséieren.
 
"Et ass e Wee, deen een net vun engem Dag op deen anere geet. Et ass e laange Wee dohinner. Mir kucken dat nach eng Kéier 2029, well déi aner Länner dat och maachen."
 
A well d‘Welt a virun allem d‘Menacen och changéiere géifen. Et géif och net just ëm Waffen, Panzeren a Rakéite goen, mä zum Beispill och ëm Cybersecuritéit. An de Luc Frieden gëtt ze bedenken, dass haut jo och scho vill an Defense investéiert gëtt. Bis Enn vum Joer ëmmerhin 2 Prozent vum nationale Brutto-Revenu.
 
"Wa mir zum Beispill an eis Infrastruktur investéieren, fir eis Datenzentere géint IT-Attacken ze protegéieren, da maache mir dat schonn haut, awer an Zukunft vläicht nach méi. Mir investéiere vläicht och nach méi a Satellitekompetenzen, mä mir hunn dat schonn. Et sinn net nëmmen nei Suen déi do dobäi kommen. Natierlech kascht Sécherheet eppes. A se wäert eis an déi aner Alliéiert déi nächst Jore méi kaschten."
 
An den nächste Méint soll dann an der Regierung definéiert ginn, a wéi engem Rhythmus d‘Depensë solle klammen a woufir. Eng ekonomesch Retombée wier wënschenswäert. Konkret gëtt et scho bei der Loftofwier. D‘Defenseministesch Yuriko Backes:
 
"Mir si gefrot ginn, fir zwee verschidde Loftofwiersystemer: ee fir Loft- an ee fir Rakéitenofwier. Mir sinn amgaangen ze kucken, wou mir kafen, mat wiem mir zesummeschaffen. Mir wëlle jo do och eppes fir d‘Lëtzebuerger Ekonomie an Entreprise maachen. Dat geet net vun haut op muer, wann et iwwerhaapt geet. Am Prinzip sinn déi Loftofwiersystemer fir eis eege Verdeedegung. Mä déi Capacitéite sollen och deployabel kënne sinn."
 
Heescht: an den Asaz kéinte kommen, wann et op NATO-Territoire rabbele sollt. Zu Lëtzebuerg sollen d'Loftofwiersystemer gebraucht ginn, fir kritesch Infrastruktur ze protegéieren. Zum Beispill de Fluchhafen um Findel.