Déi kleng Pazifik-Natioun Tuvalu huet extrem mat de Suitte vum Klimawandel an der Hausse vum Mieresspigel ze kämpfen.

D'Mier klëmmt an domadder verschwënnt ëmmer méi vun der Iwwerfläch vun der klenger Inselnatioun. Australien bitt pro Joer 280 Awunner vun Tuvalu e Visa un, dat am Kader vun hirem "Climate Migration Deal". Vun Canberra heescht et, datt dëst "déi éischt Offer vun dëser Aart op der Welt ass".

3.125 Tuvaluer hunn dann dëst Joer ugefrot, fir ee vun dëse Visaen ze kréien. Dat soen déi offiziell australesch Statistiken. Dat ass bal een Drëttel vun den 10.643 Awunner.

Fuerscher fäerten aktuell, datt déi kleng Inselgrupp an den nächsten 80 Joer net méi bewunnbar ass, dat mam Bléck op de Klimawandel. Zwee vun den am Ganzen 9 Atollen, déi zu Tuvalu gehéieren, si schonn zum gréissten Deel ënner Waasser verschwonnen.

RTL

© AFP/TORSTEN BLACKWOOD

Australien erkennt dëse Problem a probéiert de Leit, déi vum Klimawandel betraff sinn, ze hëllefen. "Grad déi am Pazifik", heescht et aus dem australeschen Ausseministère. Australien hat 2024 zesumme mat Tuvalu d'Falepili Unioun ënnerschriwwen. Dëst ass e Versuch vu Canberra, fir d'Expansioun vu China an der Regioun ze ënnerbannen. Mat deem Deal huet Australien och eng nei Kategorie u Visaen agefouert, déi sech speziell un erwuessen Tuvaluer riicht. Nach bis den 18. Juli kënne sech d'Bierger mellen, fir an d'Loustrommel ze kommen. Eng Ufro kascht ronn 16 US-Dollar.