Zwee Doudeger bei schwéiere Wiederen a Frankräich

© AFP
No der grousser Hëtzt koum de staarke Reen. Wandvitessen am Orkan-Beräich a staarke Reen hunn a 57 Departementer fir Warnunge viru Wiedere gesuergt.
Am südlechen Departement Tarn-et-Garonne ass e Mëttwoch den Owend en 12 Joer ale Bouf vun engem Bam erschloe ginn, wéi seng Famill sech bei engem Floss a Sécherheet brénge wollt. Am Nordwesten ass de Fuerer vun engem Quad mat engem Bam kollidéiert, deen an d'Strooss gefall war, a gouf déidlech blesséiert.
Och d'Haaptstad war betraff
A villen Deeler vu Frankräich koum et no Temperaturen iwwer 30 Grad zu staarke Wiederen. Méi wéi 100.000 Stéit waren zäitweis ouni Stroum, a 57 Departementer goung eng offiziell Warnung viru Wierderen eraus. De Premier François Bayrou hat d'Bewunner vun de betraffene Gebidder dozou opgeruff, besonnesch gutt op sech opzepassen. Paräis war och betraff - op der Spëtzt vum Eiffeltuerm goufe Wandvitesse vun 112km/h gemooss, an d'Temperature ware bannent Minutten ëm 11 Grad gefall. Vill Metrosstatioune stounge wéinst dem ville Reen ënner Waasser - och eng Sëtzung vum Parlament hat kuerz mussen ënnerbrach ginn.
Wat kënnt op eis duer?
Am Laf vum Dag zitt déi Reefront a Richtung Lëtzebuerg. Den offizielle Wiederdéngscht Meteolux huet bis elo awer nach keng Alerte erausginn. Trotzdeem annoncéiert sech den Donneschdeg ongemittlech - ugekënnegt sinn déck Wolleken, wéineg sonneg Momenter a plazeweis kräfteg Wiederen. Et wäert lëfteg ginn, bei Temperaturen, déi tëscht 21 a 25°C wäerte leien. Am Laf vun der Nuecht op e Freideg wäerte mir de Reen nees lassginn.