D'Zuel vun den Drogekonsumente wiisst méi séier wéi d'Weltbevëlkerung. Esou kéint een den neiste Drogerapport vun der UNODC resuméieren.

D'Zuel vun den Drogekonsumenten - Alkohol an Tubak net agerechent - ass engem aktuellen UN-Rapport no am Joer 2023 weltwäit op 316 Millioune Mënsche geklommen. Dat ass eng Hausse vun 28% bannent engem Joerzéngt, sou d'UNODC a sengem Weltdrogerapport.

Ënnert allen Drogen, déi um Maart de meeschten Zouwuess hunn, zielt Kokain. D'Zuel vun de Konsumenten ass tëscht 2013 an 2023 vu 17 op 25 Milliounen eropgaangen. De Kokainkonsum hätt virum Hannergrond vun enger globaler Instabilitéit eng "historesch héich Ausmooss" erreecht. Ma och d'Produktioun an d'Quantitéite vum saiséierte Kokain wieren op Rekordhéicht.

Beim Handel mat illegale Droge wier Kokain dee Maart, dee weltwäit am meeschte klëmmt, sou den UN-Büro mat Sëtz zu Wien. D'Produktioun wier drop zeréckzeféieren, dass déi illegal Koka-Ubauflächen a Kolumbien dëst Joer "ëm bal 34 Prozent geklomme" sinn. D'Quanitéit vum séchergestallte Kokain wier am Zäitraum 2019 bis 2023 ëm 68 Prozent an d'Luucht gaangen. D'Zuel vu Konsumenten ass bannent 10 Joer vu 17 op 25 Millioune geklommen, heescht et weider vun der UNODC.

D'Händler vun der Drog maache sech deemno op neie Mäert breet, an Asien an a Afrika. D'Gewalt, déi sech bis ewell éischter op Latäinamerika beschränkt huet, géif sech elo och ëmmer méi a Westeuropa ausbreeden an organiséiert Verbriecherbanden aus dem westleche Balkan géifen hei ëmmer méi un Afloss gewannen. All Joer ginn esou Ëmsätz vun e puer honnert Milliarde gemaach.

"Kokain wier an de bessere Kreesser vun der Gesellschaft zur Moud ginn", erkläert d'Cheffin vum UN-Fuerschungsbüro Angela Me. D'Hausse vum Konsum a vun der Produktioun wier deemno en Däiwelskrees.

Mat net just Kokain erlieft en Héich. Och bei den Amphetaminnen huet een eng Hausse bei de Saisië festgestallt. Si maache quasi d'Hallschent vun e confisquéierte syntheeteschen Drogen aus, hannendru kommen nach Opioiden wéi Fentanyl.