Generalsekretär Guterres gesäit Grondprinzippien a Gefor

© Selcuk Acar / Anadolu via AFP
Et géing "Attacken op d'Ziler an d'Prinzippie vun der Charta vun de Vereenten Natioune wéi ni virdrun", sot den UN-Generalsekretär zu New York.
Déi fréier däitsch Ausseministesch Annalena Baerboch huet als zukünfteg Presidentin vun der UN-Vollversammlung gefuerdert, datt d'UN sech nees "op hir Käraufgabe fokusséiere" misst.
Den António Guterres an d'Annalena Baerbock hu bei enger Spezialsëtzung fir den 80. Joresdag vun der Signature vun der UN-Charta de 26. Juni 1945 geschwat. Nom Zweete Weltkrich hate sech deemools eng 50 Staaten fir Prinzippie wéi eng friddlech Konfliktléisung an d'Anhale vun de Mënscherechter verflicht. Haut gehéieren 193 Staaten zu de Vereenten Natiounen.
De Guterres sot, d'Charta wier "keen à-la-carte-Menü", aus deem sech jiddereen dat eraussiche kann, wat him passt. "Mir kënnen an dierfe Verstéiss géint d'Grondprinzippien net als normal ugesinn", sot hie virun de Membere vun der Vollversammlung. Als Beispill huet de Guterres Verstéiss géint d'Mënscherechter, Gewalt géint Zivilisten an de Refus vu Liewensmëttel a Waasser als Waff a Konflikter genannt. Hien huet awer keng Responsabeler mam Numm genannt.
Ënnert anerem de russesche Krich géint d'Ukrain, de Krich tëscht Israel an dem Iran an de Gaza-Krich haten zulescht zu Ausernanersetzungen tëscht Memberlänner gefouert. Well d'USA ënnert dem Donald Trump hir Sue gekierzt hunn, hunn d'Vereenten Natiounen ausserdeem mat Finanzproblemer ze kämpfen.
D'Annalena Baerbock huet betount, datt d'UN virun "existenziellen Erausfuerderunge" géing stoen. D'Konflikter an d'Krisen hunn awer däitlech gemaach, wéi dréngend international Reegelen an Dialog wieren. D'Baerbock huet sech ausserdeem zu enger Reform vun der Organisatioun bekannt. Si wéilt d'Vereenten Natioune mat "op d'Héicht vun der Zäit bréngen, méi effektiv a wou néideg och méi schlank maachen".
D'Annalena Baerbock war Ufank Juni zu der neier Presidentin vun der UN-Vollversammlung gewielt ginn. Hir Amtszäit fänkt am September un an dauert ee Joer.