Accident an Niedersachsen
22 Joer jonken Automobilist verbrennt a sengem Auto

Wéi d'Police vun Oldenburg matdeelt, war den 22 Joer jonke Chauffer mat engem Auto an der Nuecht op e Freideg an d'Leitplanke gaangen.
Dono ass hie mat sengem Auto iwwert d'Autobunn geschleidert ginn a koum op enger Gréngfläch op der A29 zum Stoen. Do ass d'Gefier dunn a Flamen opgaangen.
Eng aner Automobilistin huet nach probéiert, fir de jonke Mann aus sengem Auto ze kréien, dat awer ouni Succès. "Wéinst der staarker Entwécklung vun Hëtzt war dëst net méiglech", esou eng Beamtin vun der Police. Eréischt wéi d'Pompjeeën de Brand geläscht haten, konnt de Kierper vum 22 Joer jonken Autofuerer gebuerge ginn. Wéi et zum Accident koum, huet d'Police net matgedeelt.
Am meeschte gelies