Papp huet Bouf vun zwee Joer bei 36 Grad am Schiet am Auto vergiess

© AFP Symbolbild
Autoe kënnen am Summer séier zu enger gliddeger Fal ginn. A Frankräich ass dat elo enge klenge Kand zum Verhängnes ginn, ma all Joer kënnt zu esou Virfäll.
A Südfrankräich huet e Papp säi Kand vun zwee Joer am Auto vergiess. D'Kand ass am komplett iwwerhëtzte Gefier gestuerwen. Geschitt ass dat Ganzt en Donneschdeg de Moien, wéi de Parquet zu Aix-en-Provence matgedeelt huet.
De Papp sollt säi Bouf an d'Crèche féieren an dono op d'Aarbecht fueren. Hien huet säi Won och op de Loftwaffestëtzpunkt am südfranséische Istres geparkt, wou hie schafft. Un d'Kand hat hien net méi geduecht, dat souz deen Ament nach am Auto. Eréischt am Nomëtteg, Stonnen dono, huet seng Fra him ugeruff, well d'Kand nach ëmmer net an der Crèche ukomm wier.
Dem Mann ass dunn eréischt de Feeler bewosst ginn an hien ass bei de Won gelaf. De Bouf vun zwee Joer war do scho vu sech. Secouristen hunn nach versicht, d'Kand ze reaniméieren, ouni Succès. Eng Obduktioun huet spéider confirméiert, dat klengt Kand ass u Flëssegkeetsmangel gestuerwen.
De Papp gouf wéinst dem Verdacht op Homicide involontaire festgeholl. D'Temperaturen an där Regioun louchen en Donneschdeg bei 36 Grad am Schiet. Gefierer kënne sech bei esou Wäerter immens séier ophëtzen a gi fir kleng Kanner an och fir Déieren, déi och dacks vergiess ginn, no ganz kuerzer Zäit zur liewensgeféierlecher Fal.
Virfall mat iwwerhëtztem Auto an der Slowakei
E Papp hat säi Bouf an der Slowakei net vergiess, mä als Strof an de waarmen Auto gespaart. Dat huet d'Police vun Nitra e Freideg op hirer Facebook-Säit publizéiert.
Deemno hat de Mann Sträit kritt mat sengem 7 Joer ale Bouf a wollt hie bestrofen. An där Zäit, wéi d'Kand bei der Hëtzt agespaart war, ass de Papp mat senger Duechter akafe gaangen. D'Kand konnt befreit ginn, géint de Pap gëtt ermëttelt.