Géint dem Premier seng sozialistesch Partei gëtt et ëmmer méi Ermëttlunge wéinst Korruptioun. Eng Korrespondenz vum Jeff Cardarelli vu Barcelona.

De Skandal ass domadder ugaangen, datt Audio-Opnamen opgetaucht sinn, an deenen de sozialistesche Parteisekretär Santos Cerdán anscheinend iwwer Kommissioune schwätzt, déi Entreprisen him als Géigeleeschtung fir ëffentlech Kontrakter bezuelt sollen hunn. De spuenesche Premier Pedro Sánchez ass zwar selwer net verwéckelt, mee d’Oppositioun fuerdert säi Récktrëtt mam Argument, hie wier de Chef vun engem korrupten, mafia-änleche System.

Korrespondenz aus Spuenien

De Premier huet zouginn, datt et e Feeler war, dem Santos Cerdán ze vertrauen. Dësen ass antëscht souwuel aus der Partei ewéi och aus dem Parlament zréckgetrueden. Och aner fréier Partei-Memberen, ewéi den Ex-Verkéiersminister José Luis Ábalos, sinn an d'Ermëttlunge verwéckelt, obwuel och si all Feelverhalen ofstreiden.

Och aner juristesch Enquêtë géint dem Pedro Sánchez seng Fra a säi Brudder sinn amgaang. D’Sozialiste schwätzen hei vun enger Schmotzcampagne, déi vun der konservativer Vollekspartei an der rietsextremer Vox-Partei organiséiert géif ginn.

De Pedro Sánchez huet kloer gestallt, datt hie säi Mandat bis 2027 wéilt op en Enn bréngen. Am Parlament huet hien eng knapp Majoritéit, déi awer op de Support vu verschiddene lénken ewéi och nationalistesche Parteien aus Katalounien an dem Baskeland ugewisen ass. Sollt et an de nächste Wochen a Méint zu weidere Skandaler kommen, kéint sech dës Majoritéit awer destabiliséieren.

De Pedro Sánchez ass zënter 2018 Premier. Deemools hat hien e Mësstrauensvott géint de Mariano Rajoy gewonnen. Deem seng Partei war an en uerge Korruptiounsskandal verwéckelt an de Sánchez hat deemools versprach, der Korruptioun an der Politik en Enn setzen ze wëllen.