Trump rechent nächst Woch mat weiderer Wafferou

© AFP
No der Waffepaus tëscht Israel an dem Iran ass den US-President optimistesch, datt et och an der Gazasträif geschwënn eng Waffestëllstand kéint ginn.
E puer Deeg, nodeems d'Wafferou tëscht Israel an dem Iran a Kraaft getrueden ass, rechent den US-President Donald Trump nächst Woch mat engem Waffestëllstand am Gaza-Krich. Et wier een no drun, hien hätt eréischt viru Kuerzem mat e puer Bedeelegte geschwat, sot den Trump am Wäissen Haus - wuel mat Bléck op lafend Vermëttlungsbeméiungen. "Mir denken, datt mir bannent der nächster Woch eng Wafferou kréien."
Den UN-Generalsekretär Guterres sot, d'Waffepaus tëscht Israel an dem Iran géing Ulass zur Hoffnung ginn, datt et och an der Gazasträif dozou komme kéint.
Onkloer war ufanks awer, op wat den Donald Trump seng optimistesch Ausso stëtzt. D'Länner, déi tëscht Israel an der Hamas vermëttelen, beméie sech zanter laangem ëm eng nei Wafferou am ofgespaarte Küstegebitt. Am Kader vun esou engem Accord sollen och d'Geiselen, déi nach vun der Hamas an aneren islamisteschen Terrorgruppen an der Gazasträif festgehale ginn, fräigelooss ginn, grad ewéi déi vill palästinensesch Prisonéier aus israeelesche Prisongen.