E Samschdegnomëtteg war an der ungarescher Haaptstad Budapest den Optakt vun der alljärlecher Pride-Parad.

Obwuel d'Parad am Virfeld verbuede gouf, wiere Journaliste vun der Noriichtenagence AFP no zéngdausende Leit beim Optakt dobäi gewiescht.

Fir d'Leit, déi bei der Parad dobäi waren, hätt dës wéinst der restriktiver Politik vum ungaresche Premier Viktor Orban och eng politesch Bedeitung gehat. Dozou huet den 18 Joer ale Student Akos Horvath géigeniwwer der AFP erkläert, dass et net nëmmen drëms géing goen, homosexuell Mënschen ze representéieren, mä och dorëms, en Zeeche fir d'Rechter vun allen Ungaren ze setzen.

Der Presidentin vu der Budapest-Pride Viktoria Radvanyi no wier d'Maniff dëst Joer net nëmmen eng Feier, mä och eng international Stellungnam. D'Organisateure rechne mat ronn 35.000 Participanten. Si wéilten e staark Zeeche géint d'Anti-LGBTQ-Gesetzer vum Viktor Orban senger Regierung setzen.

D'ungaresch Police hat d'Pride-Parad zu Budapest virun e puer Deeg verbueden. Dem Buergermeeschter vu Budapest, dem grénge Politiker Gergely Karacsony no, bräicht et fir d'Pride awer keng offiziell Erlabnis, well et sech dobäi ëm en Evenement vun der Stad géing handelen.

Déi rietsnational ungaresch Regierung hat zwar am Virfeld vun der Parad en haart Agräife vun der Police ausgeschloss. D'Participante missten awer mat enger Geldstrof vu maximal 500 € rechnen.