Um Nürburgring
Een Doudegen an zwee Blesséierter bei engem Accident

© SILAS STEIN / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
E Samschdegnomëtteg ass et op der däitscher Rennstreck, Nürburgring zu engem uergen Accident komm.
Géint 16.20 Auer ass e 24 Joer ale Chauffer mat sengem Auto um sougenannte "Schwedenkreuz" vun der "Nordschleife" mat sengem Auto aus enger Kéier geflunn. Dem aktuelle Stand vun den Erkenntnisser no wier kee weidert Gefier um Accident bedeelegt gewiescht. De Mann ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen. Déi zwou aner Persounen, déi bei him am Auto souzen, goufe beim Accident schwéier blesséiert. Si schwiewen awer net a Liewensgefor.
Am meeschte gelies