D'Staate vum G7 hu sech bereet erkläert, fir US-Entreprisë vun der globaler Mindeststeier ze verschounen.

Dat huet déi kanadesch Regierung, déi aktuell de Virsëtz vun der Grupp vun de siwe gréisste westlechen Industrienatiounen huet, e Samschdeg matgedeelt. De Gewënn vun US-Entreprisen an den USA ma och am Ausland solle just an den USA versteiert ginn. Dëse Kompromëss mécht et méiglech, "datt mir de Kampf géint Steieroasen, Steiereflucht oder Steierdumping elo virubrénge kënnen", esou den däitsche Finanzminister Lars Klingbeil.

Op Initiativ vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, kuerz OECD, hate sech 2021 am ganze bal 140 Länner op eng Reform vun der internationaler Besteierung fir Entreprisë gëeenegt. Ënner anerem sollt an Zukunft den Ëmsaz an deem Land besteiert ginn, an deem en och gemaach gouf. An dat zu engem Steiersaz vun op d'mannst 15 Prozent fir grouss Entreprisen.

Domadder sollt eng Course tëscht de Staaten ëm déi niddregst Steiere fir Entreprise op en Enn kommen. Weider géif ee verhënneren, datt grouss Entreprisë laanscht d'Bezuele vu Steiere kommen. Den US-President Donald Trump leent dësen Deal awer komplett of. Säi Finanzminister Scott Bessent huet matgedeelt, datt e "gemeinsamen Deal vun de G7-Staate zu der Verdeedegung vun den amerikaneschen Interessien" ugestrieft gëtt.

Am Géigenzuch huet de Bessent den US-Kongress opgeruff, déi sougenannt Revange-Steieren vum Donald Trump sengem "Big Beautiful Bill" ze sträichen. Dës sollten et der US-Regierung erméiglechen, Entreprisen an Investisseuren aus Länner mat "onfaire" Steiere fir US-Entreprisen mat zousätzlechen Ofgaben ze beleeën. De Virsëtz vun de G7-Staaten huet confirméiert, datt dës Eenegung deelweis op "kierzlech proposéiert Upassungen" am US-Steiersystem zeréckzeféiere wieren.

Dem Trump säi Budgetsgesetz gouf scho vum Representantenhaus decidéiert a läit elo beim Senat. D'"Revanche-Steier" war och an den USA ëmstridden, well ee gefaart huet, datt d'auslännesch Entreprisen Investitiounen an d'USA géifen aussetzen.

De Bundesfinanzminister Lars Klingbeil gesäit d'Eenegung um G7 awer positiv. "Mir hunn zesummen mat eise Partner erreecht, datt d'USA der globaler Mindeststeier net méi am Wee stinn", huet hie matgedeelt. Doduerch, datt déi do geplangte Strofmesurë fir auslännesch Investisseure vum Dësch wieren, "kéinten d'Mindeststeier vun der OECD an vun den USA nieftenee bestoen".

Fir den Deal vun de G7-Länner ëmzesetzen, muss d'OECD hir Reegele fir déi global Mindeststeier upassen.