De Vatikan leet eng Enquête géint d'Wiener Zisterzienerklouschter an d'Weeër

© TIZIANA FABI / AFP
Et kënnt net dacks vir, dass de Poopst eng Enquête géing e Klouschter an d'Weeër leet.
Ma elo gëtt den "Zisterzienserstift Heiligenkreuz" bei Wien "visitéiert".
D‘Zisterzienserklouschter Heiligenkreuz am Wienerwald, virun den Diere vun der éisträichescher Haaptstad ass en Unikum: Mat enger eegener Héichschoul an iwwer 100 Bridder gewënnt dësen u Memberen. An dat an enger Zäit, an där iwwerall soss bei de kathouleschen Uerden zanter laangem den Nowuess feelt. En plus hu si 2008 mat hirem Chouer e Platin-Album erausbruecht.
Elo hänkt allerdéngs den Hausseege schif: De vatikaneschen Dikasterium fir Uerden – eng Zort Ministère – huet eng sougenannte "Visitatioun" vum Klouschter Heiligenkreuz an d’Weeër geleet. Dëse Schrëtt berout op anonymme Bréiwer, déi ënnert anerem Mëssbräich a Sträit bei der Verdeelung vu Poste bekloen. Doriwwer eraus gouf et viru Kuerzem en Eclat, nodeems erauskoum, dass e Brudder, deen och Coursen op der eegener Héichschoul gëtt, an der Vergaangenheet d’Doudesstrof fir Heretiker verlaangt hat. D’Héichschoul selwer vertrëtt eng staark konservativ Linn bannent der kathoulescher Kierch.
De Virstand vum Klouschter huet voll Transparenz versprach an ass zouversiichtlech, dass d'apostoulesch Enquête vum Vatikan kéng Mëssstänn wäert opdecken. Géint den anonymmen Auteur vun de Bréiwer, déi zu dëser gefouert hunn, huet d'Klouschter schonn eng Plainte wéinst Verleumdung gemaach.