"Mir hunn e Keefer fir Tiktok fonnt". Dat huet den US-President Trump e Sonndeg an engem Interview mat der Tëleeschaîne "Fox News" annoncéiert.

Beim Keefer géing et sech dem Donald Trump no ëm e Grupp vu ganz räiche Leit handelen. Den US-President sot allerdéngs och, dass et warscheinlech den Accord vu der chineesescher Regierung bräicht, fir dass den Deal kann iwwert d'Bün goen.

Een Dag nom Donald Trump senger Inauguratioun ass e Gesetz a Kraaft getrueden, dat virschreift, dass Tiktok an den USA verbuede gëtt, wann de chineesesche Mammekonzern vun der App "Bytedance" d'App net un eng US-Firma géing verkafen. Begrënnt gouf d'Gesetz domat, dass China iwwer Tiktok geziilt déi ëffentlech Meenung an den USA kéint beaflossen.

Eigentlech, hätt d'App, bis den 19. Januar solle verkaf sinn, ma d'US-Regierung hat dës Frist ëmmer nees verlängert.