Iwwer 40 Entreprisen hate sech d'leschte Freideg bis op Metz deplacéiert. Méi wéi 4.500 Méiglechkeete goufen ugebueden, fir en Job am Grand-Duché ze kréien

Am Grand-Est gëtt de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart weider als Magnéit ugesinn. Iwwer 125.000 Fransouse verdéngen haut schonn hiert Brout zu Lëtzebuerg. Tendenz kloer steigend. Iwwerdeems sech d'Zuel u belsche Frontaliere stabiliséiert an déi un däitsche souguer zeréckgeet. De Verkéier wärend de Stousszäiten, Baustellen, Duebel-Besteierung, schéngen a Frankräich net ofzeschrecken.  
D'Paien an ee qualitativ héichwäertegt Aarbechtsëmfeld sinn Argumenter, déi déisäits der Grenz unzéien. Iwwerdeems d'Patronen hei zu Lëtzebuerg, awer och op eenzele Punkten, méi exigent géifen.
 
"Sur le niveau linguistique. Depuis 2-3 ans, où on sent que, je parle un peu anglais,  .. non. On veut vraiment un niveau d'anglais un peu plus prononcé. On va dire, il y a un durcissement des conditions, des critères de recrutement.",  sou de Julien Dauer, Direkter vun der Associatioun "Frontalers GrandEst".
 
Ma trotzdeem sinn d'leschte Freideg Kandidate vu Paräis bis op Metz komm, fir eng Chance op eng Aarbecht zu Lëtzebuerg ze kréien.