Europol demontéiert Band vu kriminelle Krypto-Investisseuren

© Europol
Europol huet eng international Band vu kriminelle Krypto-Investisseuren demontéiert, déi weltwäit iwwer 5.000 Affer ëm 460 Milliounen Euro bruecht huet.
D'spuenesch Guardia Civil huet d'lescht Woch mat Ënnerstëtzung vun Europol an Autoritéiten aus Estland, Frankräich an den USA eng grouss Band vu Krypto-Investisseuren aus dem Verkéier gezunn. De Grupp soll Berichter no méi wéi 5.000 Affer weltwäit ëm insgesamt 460 Milliounen Euro bedrunn hunn.
De 25. Juni goufen insgesamt fënnef Verdächteger festgeholl, dräi op de Kanareschen Inselen an zwee zu Madrid. Des weidere goufen op béide Plaze fënnef Perquisitioune gemaach.
Europol, déi zënter 2023 um Fall dru waren, hu strategesch an operationell Ënnerstëtzung geleescht an e Krypto-Spezialist a Spuenien geschéckt, fir beim Asaz ze hëllefen.
D'Ermëttler soen, d'Band hätt mat engem weltwäite Reseau geschafft an ënnert anerem Sue mat Iwwerweisungen a Krypto-Transaktioune gewäsch. Si solle Firmen a Banken zu Hong Kong benotzt hunn, fir d'Suen ze verstoppen an ze verschaffen.
D'Ermëttlunge lafen nach.
Europol warnt, datt Online-Bedruch eng vun de gréisste Gefore fir d'Sécherheet an der EU bleift, ugedriwwe vu kënschtlecher Intelligenz an ëmmer méi raffinéierte Methoden.