Iwwer Berlin ass e Méindeg de Moien eng däitlech siichtbar Dampwollek ze gesinn. Lokale Medien no soll et um Daach vun engem Héichhaus brennen.

Wéi ënnert anerem déi däitsch Presseagence mellt, ass e Méindeg de Moien e Feier um Daach vun engem Héichhaus, dat nach am Bau ass, ausgebrach. D'Ursaach vum Brand um Gebai, dat eng 20 Etagen héich wier an um Eck vun der "Kurfürstenstraße" an der "An der Urania" stéing, wier nach onkloer, sot e Spriecher vun de Pompjeeën der Noriichtenagence dpa géigeniwwer.

"Mir goufen um 8.26 Auer alarméiert a si mat knapp 100 Pompjeeën op der Plaz", sou de Spriecher weider. Donkelen Damp wier ze gesi gewiescht, éier et kuerz drop zu Explosiounen um Daach komm wier, wéi en dpa-Journalist mellt. D'Bauaarbechter hätt sech deemno séier kënnen a Sécherheet bréngen. De Verkéier gouf deviéiert.

Wéinst der Héicht vum Gebai kéint de Brand net mat den Dréileedere vun normale Gefierer vu bausse geläscht ginn, sot de Spriecher vun de Pompjeeën dem "Tagesspiegel" no. Dowéinst misste Schläich am Gebai no uewe geluecht ginn. E speziellt Gefier gouf ugefuerdert, fir och vu bausse läschen ze kënnen.

RTL

© Odd Andersen / AFP