Frankräich leit ënner enger aussergewéinlecher Hëtztwell, déi bal dat ganzt Land betrëfft an d'Autoritéiten zu Noutmoossname gezwongen huet.

84 Departementer, wou ronn 88% vun der Bevëlkerung wunnen, sti bis op d'mannst en Dënschdeg ënner enger Alerte orange. D'Temperature klammen deemno bal iwwerall, ausser laanscht d'Manche-Küst an d'Belsch Grenz.

Et gi sech Temperaturen tëschent 34 an 38°C erwaart, woubäi et plazeweis souguer bis zu 41°C soll kommen. Och an der Nuecht soll et ongewéinlech waarm bleiwe, mat Minimalwäerter tëscht 20 a 24°C.

"Du jamais vu", sou huet d'Agnès Pannier-Runacher, Ministerin fir déi ökologesch Transitioun, d'Lag géigeniwwer Medie beschriwwen. De viregte Rekord waren 80 Departementer gläichzäiteg ënner Alerte, dat am Juli 2019.

Laut Météo France erreecht d’Hëtztwelle hiren Héichpunkt an der Mëtt vun der Woch.

D'Autoritéiten hunn eng Rei Mesure geholl fir d'Leit ze entlaaschten: Schwämmen a Muséeë si gratis, Parke bleiwe méi laang op, Kaarte gi mat killen Zonen drop markéiert an eng national Hotline gëtt ageriicht.

Op Sud Radio huet d’Pannier-Runacher betount, datt Hëtztwellen "dausende Mënscheliewe" kéint kaschten, a si huet Employeuren opgeruff, d'Aarbechtszäiten unzepassen.D'Educatiounsministerin Élisabeth Borne huet ugekënnegt, datt ongeféier 200 vun am Ganze 45.000 ëffentleche Schoule bis e Mëttwoch ganz oder deelweis zou bleiwen.

D'Familljen, déi et brauchen, kréien eng Alternativ fir d'Betreiung.

Risiko fir Bränn

Déi extrem Hëtzt verschäerft och d'Dréchent: 26 Departementer stinn ënner Alerte an 10 si souguer am Krise-Modus mat strenge Restriktioune wéinst Brandgefor.

E schlecht geläschte Grill hat rezent dozou gefouert, dass 400 Hektar Bësch am Massif des Corbières verbrannt sinn. Méi wéi 600 Pompjeeë waren hei am Asaz.

D’Loftqualitéit verschlechtert sech duerch méi héich Ozonwäerter, besonnesch an de Regiounen Auvergne-Rhône-Alpes, Bouches-du-Rhône a Vaucluse. Am Paräisser Raum goufen duerfir och schonn Traficsrestriktioune festgeluecht.