D'Hëtzt, déi dës Deeg op de Grand-Duché trëfft, ass a war schonn op ville Plazen an Europa ze spieren.

Canicule a Frankräich

Bei eise franséischen Noperen ass et déi éischte Kéier zanter fënnef Joer, datt d'Vigilance rouge an der Île-de-France wéinst enger Canicule ausgeruff gouf.

Och d'Haaptstad Paräis ass vun den héijen Temperature betraff. Esou ginn et Restriktiounen am Stroosseverkéier an am ëffentlechen Transport muss een aktuell just 4 Euro den Dag bezuelen, datt ass e "forfait antipollution", deen d'Bierger motivéiere soll, den ëffentlechen Transport ze huelen. Dëst kléngt wuel fir d'Touristen net esou verkéiert, déi kënnen awer dofir en Dënschdeg an e Mëttwoch net all d'Attraktioune vu Paräis maachen: D'Spëtzt vum Eiffeltuerm bleift nämlech zou.

RTL

© Ludovic MARIN / AFP

Am ganze goufe 16 Departementer, déi komplett Île-de-France ausser Eure-et-Loir, esou wéi d'Aube, d'Yonne an d'Vienne vun en Dënschdeg de Mëtteg un an d'Vigilance rouge gesat. Fir 68 weider Departementer gëllt den Alarmlevel "orange".

D'Consigne ass kloer: Haalt Iech am beschten zu de Spëtzenzäiten tëscht 11 an 21 Auer net dobaussen op. Sollt dat de Fall sinn, soll ee sech reegelméisseg op kille Plazen ophalen. En Dënschdeg gëtt bei eisen Noperen de wäermsten Dag, well d'Temperature wäerten och nuets net ënner 23 Grad falen an am Dag kënne se bis zu 41 Grad erreechen. 1.350 vun den am ganze 45.000 Schoule bleiwen en Dënschdeg zum Deel oder esouguer komplett zou.

RTL

© Ludovic MARIN / AFP

Déi héich Temperaturen hunn dann och fir verschidde Bëschbränn bei eisen Nopere gesuergt, esou huet ënner anerem d'Abtei Fontfroide mussen evakuéiert ginn. Esouguer en Atomkraaftwierk bei Golfech am Südweste vum Land huet mussen ausgemaach ginn.

Zanter 1947 ass dëst déi 50. Hëtztwell a Frankräich, awer schonn déi 33. zanter dem Joer 2000.

Mëttelmier esou waarm, wéi nach ni

RTL

© Photo by Aline Morcillo / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP

D'Phenomeen, datt et dobaussen ëmmer méi waarm gëtt, kann een och am Mëttelmier feststellen. Dëst hat am Juni eng Duerchschnëttstemperatur vu 26,01 Grad Celsius, esou d'Zuele vu Copernicus. De Meteorologe vum Fuerschungszentrum CEMS an der Bretagne no sinn dat dräi Grad méi, wéi am Schnëtt a vun de Joren 1991 bis 2020.

Op der Spëtzt vum Mont Blanc, op also 4.806 Meter, iwwregens goufen Temperature vu +1 bis +2 Grad gemooss. Eppes, wat soss eréischt am Héichsummer opgetrueden ass.

Ganz Europa betraff

Dat war Frankräich en Dënschdeg a Lëtzebuerg e Mëttwoch erreecht, dat hu Portugal, Spuenien an Italien zum Deel schonn hannert sech. Hei goufe Temperature vu bis zu 46,6 Grad gemooss. Dat war bis ewell am Juni nach ni de Fall war. Déi héchst gemoossen Temperatur a Spuenien koum mat 46 Grad vun Huelva an am portugisesche Mora hat den Thermometer esouguer 46,6 Grad ugewisen.

Italien huet Hëtztwarnunge fir 17 Stied erausginn an zu Roum goufe ronderëm déi bekannt Touristenattraktiounen Ambulanze stationéiert, nodeems d'Zuel vun de Leit, déi en Hëtzschlag kruten, ëm 10 Prozent geklomme war.

Nieft Frankräich huet och ënner anerem d'Tierkei mat Bëschbränn ze kämpfen. An der Regioun Izmir huet een dowéinst scho musse 50.000 Leit, déi an 41 verschidde Gemenge wunnen, evakuéieren.

RTL

An Nordmazedonien dierfen de Medien no d'Leit de Juli an August iwwer nach just an de Bësch, wa si eng Autorisatioun dofir hunn. Wie sech net drun hält, ka mat enger Strof vu bis zu 2.000 Euro rechnen. D'Land wëll dem Sender Radio Free Europe no domadder Bëschbränn evitéieren. Dat lescht Joer gouf et där an Nordmazedonien esou vill, wéi nach ni.

"D’Ursaach vun dësem neie Spëtzewäert ass en Hëtztdom: en ausgedeent a staarkt Héichdrockgebitt formt eng Zort Deckel, deen d’Loft an den ënneschte Schichte festhält, Stéierungen net erakomme léisst an d’Loft lues a lues ophëtzt", esou d'Definitioun vun der AFP fir dat aktuellt Wieder.

Umierkung: Wa mer bei Temperature vu "Rekorder" schwätzen, kënne mer just déi statistesch festgehale Wäerter matenee vergläichen.