Elon Musk wëll dofir suergen, datt Supporter "déi nächst Virwale verléieren"

© Allison Robert / AFP
De Sträit tëscht dem US-President Donald Trump a sengem fréiere Beroder a Multimilliardär Elon Musk geet an déi nächste Ronn.
De "Big Beautiful Bill", wéi den Trump säin neit Gesetz fir Steieren an Ausgaben nennt, hat de Sträit tëscht dem Multimilliardär an dem US-President an d'Rulle bruecht. Wärend den Trump domadder eent vu senge Walversprieche wëll ëmsetzen, fuerdert de Musk, datt net d'Scholde sollen eropgesat, mä d'Ausgabe gekierzt ginn.
Nodeem et ee Moment ausgesinn hätt, wéi wa Rou an d'Affär komm wier, huet den Elon Musk elo nees am Kader vun der Ofstëmmung am Representantenhaus op X géint d'Gesetz awer och géint d'Supporter dovu gewiedert.
"All Member vum Kongress, dee mat der Reduzéierung vun den Ausgabe Reklamm gemaach huet an dann direkt fir déi gréisst Hausse vu Scholden an der Geschicht gestëmmt huet, sollt sech schummen", schreift de Musk. "A si wäerten d'Virwalen am nächste Joer verléieren a wann et dat lescht ass, wat ech op dëser Äerd maachen."
Sollt d'Gesetz duerchkommen, spillt de Musk da mam Gedanken, eng eege Partei ze grënnen.
Den US-President huet d'Kritik net op sech sëtze gelooss an huet nees, wéi schonn an der Zäit, d'Subsiden, déi d'Firme vum Elon Musk kréien, erwäänt. Dem Donald Trump no hätt nach ni e Mënsch an der ganzer Geschicht esou vill Subside kritt, wéi den Südafrikaner an ouni dës Subsiden, kéint hie seng Geschäfter zoumaachen an zeréck a seng Heemescht goen. D'USA kéinte vill Sue spueren, wa si dem Elon seng Rakéiten, Satellitten an elektresch Autoen net méi géife finanzéieren. "Vläicht sollt Doge e gudden, geneeë Bléck dorobber geheien? Vill Sue géife gespuert ginn!", esou den Trump.