Asaz géint illegale Cannabisubau an -handel an dräi Bundeslänner

© Envato
Zanter November 2014 enquêtéieren d'Police an de Parquet vun Tréier géint déi iwwerregional bundeswäit Verstéiss géint d'Cannabiskonsumgesetz.
Eng kriminell Organisatioun vu méi Leit steet am Verdacht, zanter 2014 a Rheinland-Pfalz, Nordrhein-Westfalen an Hessen grouss an illegal Indoor-Cannabis-Plantage ze bedreiwen an d'Wueren um Schwaarzmaart ze verhandelen. Et geet hei ëm d'Zommen am siwestellege Beräich.
Duerch d'Ermëttlunge konnt de Parquet vun Tréier verschidde Wunnengen duerchsiche loossen an e Mandat d'arrêt géint verschidde Membere vun der krimineller Organisatioun ausstellen.
En Dënschdeg gouf bei der groussugeluechter Aktioun an den dräi ugeschwate Bundeslänner 27 Gebaier duerchsicht. Bei 12 vun dësen Objeten huet et sech ëm Cannabisplantagë gehandelt. Dës waren zu Mannebach (RP), Bendorf (RP), Weibern (RP), Gummersbach (NRW), Hückelhoven (NRW), Troisdorf (NRW), Werne (NRW), Euskirchen (NWR), Windeck (NRW) a Villmar (HE), wéi d'Tréierer Police matdeelt. Wat fir Quantitéite Cannabis an aner Saachen do saiséiert goufen, konnt d'Police nach net soen.
Bei dësem Asaz konnte 27 Persounen ugetraff ginn, vun deenen der schonn 13 mat engem Mandat d'arrêt gesicht goufen. Déi aner 14 Persounen, déi als Gäertner op de Plantagë geschafft hunn, goufen och virleefeg festgeholl.
Um Asaz waren eng 900 Polizisten aus den dräi Bundeslänner bedeelegt.