Gemeinsam Police-Kontrollen hannert der Grenz an Zukunft
Um Dënschdeg war et eng Visitt vum Premier an der däitscher Haaptstad. Hie gouf mat militäreschen Éieren empfaangen.
D'Arrivée vum Premier Luc Frieden
D'Lëtzebuerger Nationalhymn
No der Hymn geet et an d'Kanzleramt
De Luc Frieden ass do, fir mam däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz iwwer europäesch an international Sujeten ze beroden.
"Eng Visitt net nëmme bei engem Noper an enke Frënd, mee doriwwer eraus bei engem wichtegen Handelspartner, well wat ekonomesch an Däitschland geschitt, huet en direkten Afloss op Lëtzebuerg."
Dat waren d'Wierder vum Premier Frieden no sengem Gespréich mam Kanzler Merz zu Berlin. Eng Visitt, déi den CSV-Politiker fir nëmmen e puer Stonnen an d'däitsch Haaptstad gefouert huet.
Grenzkontrolle zäitlech limitéiert
55.000 Frontalieren, déi aus Rheinland-Pfalz an dem Saarland all Dag an de Grand-Duché schaffe kommen, sinn natierlech vun den dagdeegleche Grenzkontrolle betraff, mee genervt duerch de groussen Zäitverloscht. Vum Kanzler Friedrich Merz war et d'Zouso, datt d'Kontrollen an der Zäit limitéiert wieren, mee och, datt et sollen Däitsch-Lëtzebuerger Police-Kontrollen hannert de Grenzen an Zukunft ginn.
Den CSV-Premier sot an deem Kontext, datt hie Versteesdemech fir d'Kontrollen an d'Lutte géint d'illegal Immigratioun hätt, mee datt dëst net dierft op Käschte vun den europäesche Grondprinzippie goen.
Virun der Press war et dann nach vum Luc Frieden e Plädoyer fir en administratiivt Vereinfache vun den EU-Prozedure mee och d'Annonce vun enger méi grousser Kooperatioun am Satellitten- an A.I.-Beräich tëscht eisem Land an dem Noper Däitschland. Um Dënschdeg am Nomëtteg ewell mécht sech de Staatsminister dann op de Wee zréck heem.