Wéi et vun der däitscher Säit en Dënschdeg heescht, huet d'Autobunnsbréck op der A8 um Grenziwwergang Perl-Schengen Rëss.

D'Muselbréck zu Schengen gëtt aktuell iwwerpréift an éischt Resultater falen alles anescht wéi gutt aus. Et musse souguer direkt Moossnamen ergraff ginn, fir d'Bréck z'entlaaschten, wéi d'Autobahn GmbH mellt. Et goufe Rëss an der Stolkonstruktioun festgestallt.

Vun elo u gëllen dann och besonnesch Aschränkunge fir sämtlech Gefierer iwwer 3,5 Tonnen.

Fir Busser a Camione gëllt en Iwwerhuelverbuet a si mussen donieft op d'mannst 50 Meter Ofstand zum Bus oder Camion viru sech anhalen. An dat gëllt och bei engem Stau.

A genee dat kéint a Kombinatioun mat de Grenzkontrollen op der däitscher Säit fir Chaos suergen. Fir deem entgéintzewierken, gëllt da fir Schwéiertransporter vu méi wéi 44 Tonnen e komplett Verbuet, fir iwwer d'Bréck ze fueren.

Wéi laang d'Aschränkunge gëllen, ass nach net gewosst. Fir d'Automobiliste ginn et keng Mesuren. 
 
D'Muselbréck op der A8 gouf 2002 fäerdeg. Wéi et zu de Rëss komme konnt, soll nach ermëttelt ginn.