USA stoppe wichteg Waffeliwwerungen un d'Ukrain

De Patriot-System / © Flickr / Nato
D'USA stoppe wichteg Waffeliwwerungen un d'Ukrain, déi hinnen ënnert der Regierung vum fréieren US-President Joe Biden versprach gi waren.
"Dës Decisioun ass getraff ginn, fir d'Interessie vun Amerika op déi éischt Plaz ze setzen, nodeems de Verdeedegungsministère d'militäresch Ënnerstëtzung an Hëllef vun eisem Land fir aner Länner op der ganzer Welt gepréift huet", huet d'Vize-Spriecherin vum Wäissen Haus, d'Anna Kelly, an enger Mail un d'Noriichtenagence AFP geschriwwen. Domat confirméiert si Medieberichter.
"D'Stäerkt vum US-Militär bleift onbestridden - et geet duer, den Iran ze froen", sot d'Kelly mat Bléck op d'US-Attacken op Atomanlagen am Land. Berichter vum "Politico" an aneren US-Medien no géing de Stopp vun de Liwwerungen u Kiew Rakéite fir Fluchofwiersystemer vum Typ Patriot a Prezisiounsartillerie a Granate betreffen.
Virdrun haten US-Medie gemellt, datt Washington wéinst dem Réckgang vu sengen eegene Munitiounsbestänn besuergt wier. Dem "Politico" no huet en US-Beamten erkläert, eng Iwwerpréiwung vum Pentagon hätt erginn, datt d'Bestänn vun e puer Waffen, déi der Ukrain zougesot goufen, ze geréng gi wieren an datt verschidde geplangt Liwwerungen net verschéckt géinge ginn.
Bis ewell hat d'Regierung vum US-President Trump - trotz der zäitweis konflikträicher Relatioun mat Kiew - d'Militärhëllef, déi vum Joe Biden decidéiert gi war, op d'mannst deels weidergefouert. Wärend der Amtszäit vum Biden haten d'USA der Ukrain Militärhëllefen am Wäert vun iwwer 60 Milliarden Dollar geliwwert.
De Stopp vun de Waffeliwwerunge kéint en Ausdrock vun den neie Prioritéite vun der Trump-Regierung sinn.