Doudeger duerch d'Hëtzt a Frankräich, Spuenien an an Italien

© AFP
E Mëttwoch war de viraussiichtlech leschten Dag vun der massiver Canicule a Südeuropa. Et goufen dann och déi éischt Doudesfäll duerch d'Hëtzt bekannt.
A Frankräich an a Spuenien sinn op d'mannst siwe Leit am Zesummenhang mat der Hëtzt ëm d'Liewe komm, dat hunn d'Autoritéite matgedeelt.
A Frankräich sinn ë.a. zwou Persounen no Schwächeattacken, déi mat der Hëtzt a Verbindung stinn, gestuerwen, sou d'Ëmweltministesch Agnès Pannier-Runacher e Mëttwoch géintiwwer BFM. D'Pompjeeë wieren op méi wéi 300 Noutfäll geruff ginn.
Och a Spuenien goufen éischt Doudesfäll duerch d'Hëtzt bekannt. E Kand vun zwee an en halleft Joer ass an der Regioun Katalounien gestuerwen, nodeems et e puer Stonnen eleng am gliddegen Auto souz. D'Pompjeeën hunn donieft d'Läiche vun zwou Persoune fonnt, nodeems e Feier an der Provënz Lérida ausgebrach war.
Op der italieenescher Insel Sardinien sinn de Rettungsdéngschter no zwee Männer um Strand duerch d'Hëtzt ëm d'Liewe komm.
En endgültege Bilan kéint eréischt méi spéit gezu ginn. Déi bis ewell schroosten Noutfäll duerch Hëtzt gouf et 2003 an 2022. Experte schätzen, dass an Europa 70.000 respektiv 62.000 Persounen doduerch fréizäiteg gestuerwe sinn.
A Frankräich gëllt a 4 Departementer am Zentrum vum Land weiderhin déi héchsten Hëtztwarnstuf. Déi extrem Hëtzt huet donieft eng Debatt driwwer ausgeléist, ob Schoulen net misste mat Klimaanlagen equipéiert ginn. En Dënschdeg scho waren a ville Schoulen d'Dieren zou, sëllege Klasse goufen dobaussen ënnerriicht.
Dëse Juni war deen zweetwäermsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen.
An der Belsch huet den Atomium wéinst der Hëtzt missen e Mëttwoch am Nomëtteg zou bleiwen. Holland huet déi alleréischt "tropesch Nuecht" iwwerhaapt gemellt, dat heescht, et war net ënner 20 Grad nuets.
E spueneschen Televisiounssender huet iwwerdeems zu Sevilla en Ee an engem Dëppe kache gelooss, dat op enger Strooss stoung.
Der Aschätzung vun de Wëssenschaftler no wäert d'Zuel an d'Intensitéit vun extreeme Wiederphenomeener duerch de mëneschegemaachte Klimawandel an d'Luucht goen. Dozou gehéieren Hëtztperiode grad ewéi staarke Reen.