Um drëtten Dag ass sech d'Jury am Mëssbrauch-Prozess géint den Ex-Rapper Sean Combs eeneg ginn.

An de schwéiersten Uklopunkte gouf den Diddy fräigesprach, ma hie kéint trotzdeem awer nach am Prisong landen. Hie gouf deelweis schëlleg gesprach, heescht et um New Yorker Geriicht.

Déi 12 Jurymemberen hunn de Combs wéinst Prostitutioun vu Frae verurteelt.  Am Haaptuklopunkt, dem Bilde vun enger krimineller Vereenegung, gouf hie fräigesprach. Och beim Punkt Sexhandel huet de  Jury op net schëlleg plädéiert.

Dem Rapper gouf virgeworf, Fraen mat Hëllef vu Menacen a Gewalt dozou bruecht ze hunn, bei Droge- a Sex-Orgien matzemaachen. De Sean "Diddy" Combs gouf allerdéngs just schëlleg geschwat, seng Ex-Frëndin Casandra "Cassie" Ventura souwéi eng aner Fra zur Prostitutioun gezwongen ze hunn. An zwee weideren Uklopunkte wéinst "sexuellem Mënschenhandel" ass hie fräigesprach ginn.

De Combs hat sämtlech Virwërf am Prozess zeréckgewisen. Hien huet erliichtert iwwer d'Decisioun vun der Jury reagéiert. Hie wier virun hinnen op d'Knéie gaangen an hätt hinne Merci gepëspert.

Op d'Uklopunkten am Hibléck op Prostitutioun, fir déi dem Combs seng Schold vum Jury als erwise gëllt, stinn dem Parquet no awer Héchststrofe vun allkéiers 10 Joer Prisong.