Taifun Bualoi suergt am Vietnam fir Zerstéierungen a fuerdert 19 Doudesaffer

© Phan Duy / AFP
Lescht Woch huet den Tropestuerm op de Philippinnen fir Chaos a 27 Doudesaffer gesuergt. E Sonnden ass e bis an Zentral-Vietnam weidergezunn.
Meteo-Experte sinn iwwerrascht iwwert d'Laangliewegkeet vum Tropestuerm. Lescht Woch war e schonn op de Philippinnen fir 400.000 Evakuéierungen a 27 Doudeger verantwortlech. E Sonnden ass en a Vietnam agetraff an huet mat Wandspëtzte vun 130 Stonnekilometer 12 Stonne laang fir Zerstéierung gesuergt. De Bualoi ass den 10. Tropestuerm fir dëst Joer, deen duerch d'Zerstéierung fir 2025 entstanene Schued beleeft sech schonn op iwwert 370 Milliounen Euro. Süd-Ost-Asien ass ëfters mat änleche Stierm geplot, dëst Joer sinn et der awer zwee bis dräi méi ewéi an de Jore virdrun. Experte setzen dësen Zouwuess u schlëmme Wiederen a Verbindung mam Klimawandel.
Zanter e Sonnde sinn duerch de Stuerm méi wéi 100.000 Haiser beschiedegt ginn, 19 Leit sinn ëm d'Liewe komm, méi wéi 80 goufe blesséiert an eng weider 21 ginn nach vermësst. De Stuerm bréngt awer och weider Repercussioune mat sech, 225 Quadratkilometer Räisplantagë goufen zerstéiert, iwwert 10.000 Beem goufen entwuerzelt an uechter d'ganzt Land ginn et Stroumausfäll. Betraffen Awunner schwätze vum schlëmmsten Taifun, dee si jee erlieft hunn. Dobäi war d'lescht Joer am September Vietnam vum Taifun Yagi betraff, deen honnerte vu Mënscheliewe gefuerdert huet a fir een ekonomesche Schued vun 3,3 Milliarde Euro verantwortlech war.