Zanter ronn 3,5 Joer ass mëttlerweil Krich an der Ukrain. An deem Zäitraum hu sëllege westlech Politiker d'Land besicht, fir hir Solidaritéit ze weisen.

Gusty Graas op Visitt zu Kiew / Reportage: Marc Hoscheid

Dëse Weekend war eng Delegatioun vun Parlamentarier aus verschiddenen EU-Länner an der Ukrain, dorënner och de Lëtzebuerger Deputéierte a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas. Dëse weist sech no der Visitt nawell markéiert an iwwerzeegt, datt een d'Ukrain weider ënnerstëtze muss.

Mam Fliger goung et op Warschau an aus dem Oste vu Polen mam Zuch an d'Ukrain. Méi wéi een hallwen Dag hätt ee gebraucht, bis ee moies an der Haaptstad Kiew ukomm ass. Do huet de Gusty Graas iwwerrascht, datt d'Liewen trotz Krich scheinbar ganz normal virugeet. Dat géing awer just fir den Dag gëllen, an der Nuecht hätt een nämlech selwer erlieft, wat et heescht, wa Russland ugräift.

"Et waren eng 30 Rakéite respektiv 600 Dronen, déi ofgeschoss goufen. Et war Alarm, et konnt ee selwer um Himmel gesinn, datt vill Dronen ofgeschoss goufen. Ech gi ganz éierlech zou, et war engem net méi ganz egal, et hätt ee gären dorobber verzicht an dunn huet een awer réischt gespuert, wéi eescht d'Situatioun do ass, wéi eescht d'Populatioun do menacéiert ass, praktesch all Dag. Eisen Informatiounen no war et eng vun deenen heftegsten Attacken aus deene leschte Méint, leider sinn och Leit ëmkomm." 

Et stoungen eng Partie Entrevuë mat ukrainesche Politiker um Programm, dorënner de Parlamentspresident Ruslan Stefantschuk an de Buergermeeschter vu Kiew Vitali Klitschko. Den Haaptmessage wier ëmmer nees dee gewiescht, datt ee weider all méiglech Ënnerstëtzung aus dem Weste brauche géing. Ma d'Ukrainer géingen awer och selwer eppes fir hir Verdeedegung maachen. Mëttlerweil hätte si eng zimmlech performant Waffeproduktioun opgebaut, un där de Weste sech bedeelege soll.

"Hir Propos ass lo, well se natierlech finanzielle Support brauchen, majo da kaaft eis entweder déi Produktioun of a stellt eis se rëm zur Verfügung oder gitt eis direkt Gelder, eng sougenannt Joint Venture. An d'Dänen hunn dat elo sou decidéiert, dowéinst schwätze si vun engem dänesche Modell, an ech mengen dat sollt ee sech och hei zu Lëtzebuerg, net nëmmen hei, iwwerleeën, op dat net eng Pist wier, fir se nach besser ze ënnerstëtzen."

An deene leschte Wochen ass et ëmmer nees zu Tëschefäll komm, bei deenen de Loftraum vun NATO-Länner net respektéiert gouf. Do steet virun allem Russland am Verdacht, och wann d'Land offiziell ofstreit, eppes domadder ze doen ze hunn. Dem Gusty Graas no hunn d'Ukrainer déi Incidenten dann och ugeschwat.

"Effektiv hu se dat Argument, net zu Onrecht, genotzt, datt se eis matgedeelt hunn: hei t'ass net méi eleng ee Krich géint eis, et ass den Ufank vun engem potenzielle Krich och géint iech. Déi Dronen, déi lo an eenzele Länner erofgaange sinn, déi Flich, déi am estnesche Loftraum stattfonnt hu vu russesche Fligeren, wat inakzeptabel ass."

Hie wier och dovunner iwwerzeegt, datt et sech dobäi net ëm Zoufäll oder Feeler, mee ëm bewosst Provokatiounen handele géing, esou de Gusty Graas. Den DP-Politiker geet dovunner aus, datt Russland Europa provozéieren a kucke wëllt, wéi wäit ee goe kann. Dowéinst wier et wichteg, datt Europa seng Defensekapazitéite verbessert, ouni allerdéngs de Kontakt zu den USA ofzebriechen. Et bräicht een d'USA an et wier ze hoffen, datt dës no de rezente Signaler hir Ënnerstëtzung fir d'Ukrain an d'Luucht schrauwen.

Nieft militärescher Ënnerstëtzung freet d'Ukrain dem Gusty Graas no och, datt ee Member vun der Europäescher Unioun gëtt. Hie selwer wier och dofir, et missten awer all d'Konditiounen erfëllt sinn an do misst dat osteuropäescht Land virun allem nach Efforte beim Kampf géint d'Korruptioun maachen. Een EU-Bäitrëtt wier sécher net fir haut oder muer, mee et wier wichteg, der Ukrain déi Perspektiv ze ginn.