26 Fäll en Dënschdeg
Cycliste protokolléiert, well se duerch d'Groussgaass gefuer sinn

E Dënschdeg stoung d'Police an der Groussgaass ze kontrolléieren.
Vu 10:00 bis 18:00 Auer huet d'Police eng Verkéierskontroll mam Schwéierpunkt "nohalteg Mobilitéit" gemaach. Dofir stounge si an der Groussgaass an der Uewerstad, fir Vëloen a E-Scooter ze kontrolléieren. Si hu 26 Protokollen ausgeschriwwen, alleguer, well d'Leit trotz Verbuet duerch d'Groussgaass gefuer sinn.

Am meeschte gelies