Sollte Republikaner an Demokrate sech net a leschter Minutt iwwert en Iwwergangshaushalt eens ginn, kënnt et zu engem sougenannte "Shutdown".

"Et wier warscheinlech", sou den US-amerikanesche President zu Washington. Trump an Oppositioun hu sech géigesäiteg d'Schold un der Situatioun ginn. Et wier déi éischte Kéier zanter 2018/2019, wärend dem Trump senger éischter Amtstzäit, dass et zu enger Spär vum Haushalt kënnt. Deemools hat de "Shutdown" 35 Deeg laang gedauert wéinst dem Sträit ëm d'Finanzéierung vun der Grenzmauer zu Mexiko.

Wat ass e "Shutdown"?

D'Administratioune musse vill Mataarbechter an dem Zwangs-Congé schécken. Doduerch kënnt et zu groussen Aschränkungen am Fonctionnement vun de Verwaltungen, am Fluchverkéiert an an ëffentlechen Ariichtunge wéi zum Beispill staatleche Muséeën oder Nationalparken. Ausnam sinn onverzichtbar Institutioune wéi Fluchsécherung, Police oder Noutdéngschter an de Spideeler.

Den Delai fir eng Eenegung leeft e Mëttwoch Moie 6 Auer eiser Zäit of. Domat geet den Iwwergangsbudget aus dem Mäerz op en Enn, dee Mëttel fir d'Administratioune virgesäit. Schonn am September hat d'Representantenhaus mat enger Majoritéit vun de Republikaner en neien Iwwergangshaushalt gestëmmt. Am Senat braucht d'Regierung awer op d'mannst siwe Stëmme vun den oppositionellen Demokraten. Dës verlaangen Honnerte Milliarden zousätzlech Dollar fir de Gesondheetssystem, besonneg fir Stéid mat niddregem Akommes, déi vum sougenannten Obamacare-Programm profitéieren. D'Regierung Trump wëllt déi Posten aus der Zäit vum President Obama gäre sträichen.

Den Donald Trump huet zousätzlechen Ueleg an d'Feier gegoss mat engem KI-Video, an deem de Geck gemaach gëtt mat den Demokraten. Ausserdeem huet hie mat Massenentloossungen an den ëffentlechen Administratiounen gedréit, sollt et zu engem "Shutdown" kommen. Säi Vize JD Vance gesäit d'Oppostioun an der Schold, well déi "net dat Richtegt" wéilte maachen. E Republikaner aus dem Senat huet den Demokrate carrement eng "Geiselnam" virgehäit.

Den Donald Trump hat schonn am Ufank vu senger zweeter Amtszäit massiv Kierzungen a Ministèren an Administratioune veruloosst. Dofir war ugangs den Elon Musk zoustänneg, bis en sech am Mee mam President iwwerworf a seng Positioun ofginn hat.