Op en Neits schwéier Iwwerschwemmungen a Spuenien

© Photo by JOSE JORDAN / AFP
An der Géigend vu Valencia koum et wéinst staarkem Reen nees zu Iwwerschwemmungen, Blesséierter goufen awer nach keng gemellt.
An der Nuecht op en Dënschdeg ass et a Spuenien an der Géigend vu Valencia zu weideren Iwwerschwemmunge komm, dat nodeems eng Alerte rouge wéinst staarkem Reen ausgeruff gi war. D'Stroossen zu Valencia a Murcia stoungen deelweis ënner Waasser, an zu Aldaia ass e Floss iwwergelaf. D'Pompjeeën aus der Regioun waren iwwer Nuecht am Dauerasaz, fir Waasser aus Kelleren ze pompelen.
Am Moment ginn et nach keng Berichter vu Blesséierten.
Aus Angscht, datt et zu enger Widderhuelung vun den déidlechen Iwwerschwemmunge vum leschte Joer kéint kommen, haten déi lokal Autoritéiten den héchsten Alarmniveau ausgeruff. Dësen ass en Dënschdeg de Moien awer nees op giel erofgesat ginn.
Zanter de schwéieren Iwwerschwemmunge vun 2024, bei deenen iwwer 230 Leit ëm d'Liewe komm sinn, koum et a Spuenien ëmmer nees zu Protester wéinst der schlechter Gestioun vun der Situatioun. Schoulen an ëffentlech Gebaier sinn e Méinden aus Sécherheetsgrënn zou bliwwen.