Parquet fuerdert 11 Joer an 3 Méint Prisong

© Theo Wargo / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
En Dënschdeg gouf d'Strofmooss bekannt, dat de Parquet am Fall vum Joer fuerdert. Den Ugeklote bereit näischt an hofft op Fräisproch, oder eng Begnodegung.
De Sean Combs soll fir mindestens 11 Joer an dräi Méint an de Prisong. Dat fuerdert de Parquet a berifft sech dobäi op Messagë vun Demanderessen, déi an Angscht géife liewe wéinst enger méiglecher Entloossung vum Musekstar. Hien hätt schwéier Strofdote begaangen, an änlech Fäll hätte fir déi Ugekloten zu méi wéi 10 Joer Prisong geféiert, sou d'Argumentatioun vun der Uklo. Bei d'Fro vun der Strof koume Bréiwer vun de betraffene Fraen, an deene si erklären, wéi sech dem P. Diddy seng Gewalt a seng Fuerderungen op hiert Liewen ausgewierkt hätten. D'Strof misst d'Aart a Weis erëmginn, wéi hie seng Dote begaangen hätt. De Combs hätt joerzéngtelaang ongehënnert kënne Gewalt uwennen.
Den Ugeklote géif näischt bereien, heescht et weider. Seng Defense huet dat gefuerdert Strofmooss als "drakonesch" bezeechent. Si haten héchstens 14 Méint Prisong gefuerdert, déi de Museker schonn ofgesiess huet.
Dem Rapper, deen zanter September 2024 an Untersuchungshaft sëtzt, dréit no sengem Scholdsproch Ufank Juli eng Fräiheetsstrof vu bis zu 20 Joren. Allerdéngs net méi liewenslaang, wann hien an alle Punkte fir schëlleg befonnt gi wier. D'Urteel soll den 3. Oktober gesprach ginn. Op eng Begnodegung duerch den Donald Trump kann de Combs wuel net hoffen, obwuel en dofir Kontakt opgeholl hat mam President. Dëse wier him géintiwwer wärend seng Walkampf awer feindlech agestallt gewiescht, sou den Trump, dowéinst wéilt hien éischter nee soen.