Den onpopuläre Starmer huet ausserdeem versprach, fir fir en tolerant, anstännegt a respektvollt Groussbritannien ze stoen.

De Keir Starmer huet mat senger schaarfer Ried versicht, d'Reien hannert sech ze schléissen. De Rietspopulist Nigel Farage wier e "Feind vun der nationaler Erneierung", wann hie seet, dass Mënsche wéinst hirer Hautfaarf nicht englesch oder brittesch kéinte sinn, esou de Premier um Labour-Parteidag zu Liverpool.

Et wier eng "Schluecht ëm d'Séil vum Land" amgaangen, esou de Starmer, deen zanter knapp 15 Méint am Amt ass. D'Land stéing op der Kräizung tëscht enger Erneierung, fir déi d'Labour steet, oder dem permanente Kloen duerch dem Farage seng awanderungsfeindlech Reform UK-Partei, déi an Ëmfroe wäit vir läit.

De Farage, deen entscheedend matgewierkt hat um Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU, géif um Land zweiwelen an net un et gleewen, esou de Starmer weider, deen d'lescht Joer am Juli d'Labour-Partei no 14 Joer an der Oppositioun zréck un d'Muecht geféiert hat. Zanterhir huet seng Beléiftheet awer elle gelidden. D'Wirtschaft schwächelt, de Chômage klëmmt, d'Inflatioun ass méi héich wéi an aneren europäesche Länner, an d'Migratioun huet zougeholl. Donieft ass d'Regierung Starmer vun etleche Skandaler gerëselt ginn.

Dem aktuelle Premier seng Partei läit, neisten Ëmfroen no, 12 Prozentpunkten hannert dem Nigel Farage senger Partei. De Starmer ass den onbeléifste brittesche Premier zanter 1977. A senger Partei gëtt ëmmer méi haart no enger méi wäit lénks orientéierter Politik gejaut. A senger Ried huet de Keir Starmer ëm Gedold gefrot. Ausserdeem wier de Wee vun der Erneierung keen einfachen a bequemen. Am November muss seng Regierung en neien Haushalt virleeën, dee warscheinlech net ouni Steiererhéijungen auskomme wäert. Dowéinst gëtt elo scho spekuléiert, dass schlecht Resultater fir Labour bei de Walen a villen englesche Gemengen, wéi och a Schottland a Wales, d'nächst Joer dozou féiere kéinten, dass dem Starmer säi Stuff definitiv un d'Wackele geréit.