Op d'mannst dräi Doudeger, nodeems Schoul an Indonesien an e Koup gefall ass

© Photo by JUNI KRISWANTO / AFP
Op der Haaptinsel Java an Indonesien sinn en Dënschdeg op d'mannst dräi Mënschen ëm d'Liewe komm, nodeems e Schoulgebai zesummegefall ass.
An Indonesien sinn en Dënschdeg op d'mannst dräi Mënschen ëm d’Liewe komm, nodeems e Schoulgebai zesummegefall ass. 38 Persoune gëlle weiderhi vermësst, wéi déi lokal Autoritéite mellen, 99 Persoune wieren ouni Blessuren dovu komm.
D'Gebai vun der Koranschoul mat Internat op der Haaptinsel Java ass no Informatioune vun der Noriichtenagence Antara e Méindeg op eemol an e Koup gefall, wéi méi wéi honnert Schüler grad fir d'Nomëttesgebiet versammelt waren.
No Ausso vum Schouldirekter ass et zum Accident komm, wéi Aarbechter um ieweschte Stack Zement gegoss hunn. "D'Gebai hat nëmmen dräi Stäck an et war geplangt, et op véier Etage mat flaachem Daach auszebauen", sot hie virun der Press.
Wéinst laxe Sécherheetsnorme beim Bau kënnt et an Indonesien ëmmer erëm zu Onglécker. Uganks September waren op Java schonn dräi Persounen ëm d'Liewe komm, wéi e Gebai wärend enger Gebietsversammlung zesummegefall ass.