Ursula von der Leyen muss sech Mësstrauensvott stellen

© AFP (Archiv)
E puer Méint nom Ufank vun hirer zweeter Amtszäit als Cheffin vun der EU-Kommissioun muss sech d'Ursula von der Leyen engem Mësstrauensvott stellen.
D'EU-Kommissioun vun der Ursula von der Leyen muss sech d'nächst Woch am Europäesche Parlament engem Mësstrauensvott stellen. D'Parlamentspresidentin Roberta Metsola huet e Mëttwoch den Owend déi eenzel Fraktiounen doriwwer informéiert.
Virdru war gepréift ginn, ob d'Motioun fir e Mësstrauensvott, déi vum rietse rumäneschen Deputéierte Gheorghe Piperea initiéiert gouf, vun op d'mannst engem Zéngtel vun de 720 Deputéierten ënnerstëtzt gëtt. An der Motioun gëtt der Kommissioun ënnert anerem mat Bléck op d'Corona-Politik Intransparenz a falsche Management reprochéiert.
Datt d'Motioun d'Ënnerstëtzung vun op d'mannst 72 Deputéierten huet, bedeit, datt d'nächst Woch wärend der Sëtzung vum Parlament doriwwer debattéiert an och ofgestëmmt gi muss. Sollt de Mësstrauensvott erfollegräich sinn, misst d'EU-Kommissioun zerécktrieden.
Fir datt et esouwäit kënnt, brauch et d'Majoritéit vun zwee Drëttel vun de Stëmmen, déi ofgi goufen, a gläichzäiteg d'Majoritéit vun de Membere vum Parlament. Dat wieren op d'mannst 361 Stëmmen, wann all d'Deputéiert present sinn an hir Stëmm ofginn souguer 480 Stëmmen.