An Zäiten, wou mam Donald Trump an den USA arbiträr Stroftaxen op vill Länner duerkommen, ginn Handelsaccorden ëmmer méi wichteg.

Mercosur-Accord / Reportage: Annick Goerens

A grad dofir kucken aktuell ganz vill Leit a Richtung Buenos Aires. Do ass nämlech den Ament de Sommet vun de Mercosur-Staaten.

Als klenge Rappell vir ewech. Mercosur steet fir "Mercado Común del Sur" also Spuenesch fir "Gemeinsame Marché vum Süden". Mercosur ass eng südamerikanesch Wirtschaftsorganisatioun, an där sech 1991 Argentinien, Brasilien, Bolivien Paraguay, Uruguay a Venezuela zesummegedoen hunn, fir e gemeinsame Bannemarché ze kreéieren. Aktuell sinn d'Mercosur-Staaten also an Argentinien beieneen an hunn net méi spéit wéi e Mëttwoch een Accord signéiert mat der EFTA, der European Free Trade Associatioun, déi aus véier Länner besteet: der Schwäiz, Liechtenstein, Norwegen an Island. Doduerch entsteet eng Fräihandelszon, wou 300 Millioune Leit liewen.
 
2019 hat d'EU mat de Südamerikaner, no 25 Joer laange Verhandlungen, de Mercosur-Accord ënnerschriwwen. Zanter leschtem Joer gëtt et och een entspriechende Gesetzestext, mee de ganze Vertrag muss elo nach vun de Parlamenter an all de Memberstaate ratifizéiert ginn, an dat op béide Säite vum Atlantik. An dat ass de Knackpunkt: Virop Frankräich wiert sech dogéint. D'Landwirtschaft an d'Véizuucht gehéieren zu de gréisste Konfliktpunkte vun deem Accord. Kritiséiert gi virop déi niddreg Ëmwelt-Standarde vun de Mercosur-Länner. Europäesch Bauere fäerte Konkurrenz vu bëllege Produiten aus Südamerika, wou d'Lounkäschte jo däitlech méi niddereg sinn.

De Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Landwirtschaft, de Christophe Hansen, betount awer, dass och an der Agrikultur vill Secteuren den Handelsaccord géingen ënnerstëtzen. Dat géif een och dorunner gesinn, datt groussen Interêt vun Europäesche Betriber bestéing, fir mat op auslännesch Missiounen ze goen.

"Mir haten iwwer 100 Betriber déi matkomm sinn, dorënner dräi Lëtzebuerger, déi wëllen op déi Marchéë goen. A Latäinamerika, wann Dir do an e Supermarché gitt an Dir gesitt de Parmeggiano Reggiano do leien, deen nach méi deier ass wéi en hei ass, well Import-Taxen drop sinn, an dann hutt Der niewendrun de "queso typo parmeggiano" do leien, deen d'Kopie dovunner ass. Mat dësem Accord kann een dat net méi kopéieren a bei eisem Produit ginn d'Taxen erof. Dat heescht, mir wäerte méi däers dote verkafen. Dat heescht, ech soen de Schwéngefleesch-Secteur ass dofir, de Wäibausecteur ass dofir, de Mëllech-Secteur ass dofir, d'Oliven an den Olivenueleg. Déi sinn alleguerte fir deen doten Accord." 

D’Secteure vum Zocker a vum Poulet- a Rëndfleesch dogéint wiere méi sensibel. Mee och do hätt ee Sécherheeten, duerch sougenannt ''Clauses de Sauvegarde'', déi an den Accord mat integréiert goufen, fir d'Präisser an deene Secteuren ze stabiliséieren. De Mercosur-Accord soll nach virum Summer un de Conseil an un d'EU-Parlament virugeleet ginn an esou déi néideg legislativ Prozeduren duerchlafen. Den Text géif am Moment nach juristesch Iwwersat ginn.