Fir ee Bitcoin ze kafen, muss een antëscht 125.426 US-Dollar op den Dësch leeën.

De Bitcoin gouf e Sonndeg de Moien fir dee Präis op der Plattform Bitstamp gehandelt. Zanterhier ass de Präis e bëssen erofgaangen a louch am Laf vum Moien bei ëm déi 125.000 US-Dollar.

Wisou de Präis aktuell esou héich ass, erklären Experten mat zwou Mesuren. Engersäits leeën institutionell Investisseuren hir Sue gären a Bitcoins un. An anerersäits ass d'Erwaardung aktuell grouss, datt d'US-Zentralbank d'Zënsen nach eng Kéier erofsetze wäert. Och dat beaflosst de Präis vun der wuel bekanntster Cryptowärung.